Meng Stellungnam zum „Spuerpak“ vun der Regierung

Hei puer Ausschnëtter aus menger Stellungnam zum Premier senger Duerleeung vum Spuerpak vun der Regierung, de 15. Oktober 2014 an der Chamber; déi integral Stellungnahm fand dir ënnendrënner:

 Wien huet hei iwwert seng Verhältnisser gelieft? Wien ass domadder gemengt? Déi 80.000 Leit hei am Land déi am Aarmutsrisiko liewen? Déi bal 9.000 Leit déi tatsächlech net iwwert d’Ronne kommen? Déi Dausende Fraen am Botzsecteur, déi zanter Méint, ouni Réckendeckung vun der Regierung dofir kämpfe mussen, datt d’Betriber hier Arbechtszäite respektéieren an d’Iwwerstonnen ausbezuelen? Oder mengt Dir déi Superräich, déi Dir net weider besteiere wëllt? Schwätzt Dir vläit vun deene 655 Ultraräicher déi eng Fortune vu wéinstens 30 Milliounen Dollar hunn an déi zesummen iwwert 65 Milliarde verfügen? Wien lieft iwwert seng Verhältnisser a wien bezilt am meeschte par rapport zu sengem Besetz?

 *****

Et gi keng Léiere gezunn aus der leschter Kris. A mat deer Politik wärte mir riicht an d’Mauer rennen, d’Mauer vun der nächster Kris. De Banken a Finanzgesellschafte geet et ëmmer besser, déi maache méi Beneficer wéi je. Mee et gëtt ëmmer manner vun dem wat vu jidderengem erschafft gëtt an d’Realwirtschaft investéiert. An d’EZB, dEuropäisch Zentralbank, geet och nach hinn, keeft – statt d‘Kafkraaft ze stärken – massiv Schrottpabéieren vun de Banken op. An de geschaafene Mehrwert geet an d’Spekulatioun … An domatt renne mir an d’Mauer vun der nächster Kris!

 *****

 Jo, et gëtt Alternativen zu deer Politik, Alternativen wéi d‘Gewerkschaften an déi Lénk se vertrieden, an och zum Deel d’LSAP an déi Gréng dat soss gemaach hunn. (…)

 *****

 Et solle ee „Spueren ouni Tabou“, soot de Premier. Bei de Militärausgaben an dem groussherzoglichen Haff gesi mir kee Spueren ouni Tabou, am Géigendeel!

*****

 Et ass traureg ze gesinn, wéi LSAP a Gréng hei der DP, ABBL, ALFI a Co nodackelen an d’Bierger an d’Gewerkschaften eleng loossen. Mir bedaueren dat. Mir bedaueren dat, well mir géife gäre mat hinnen zesummen eng aner Politik maachen zur Ëmverdeelung vun uewen no ënnen, zur Stäerkung vun der Kafkraaft, esou wéi d’Gewerkschaften an d’Salariatsvertrieder, wat jo eigentlech hir elektoral Basis ass, dat froen.

Mir bedaueren dëstt ëmsou méi, well d’CSV wäert doriwwer laachen, obscho si d’Politik vum Sozialofbau, esou wéi mer se an de leschte Jore kannt hunn a wéi Dir se weiderféiert, an d’Wee geleet huet, a souwéisou och wäert weiderféieren, wa si erëm an der Regierung ass.


An ei meng integral Ried zum Spuerpak

[Dir kënnt iech dës Ried och hei ulauschteren an ukucken]

view video on chd.lu 

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, déi éischt Fro, déi sech stellt, ass déi, wat dat hei iwwerhaapt ass, wat mer hei maachen. Ass et eng Ried iwwert d’Zukunft vu Lëtzebuerg oder ass et eng Aféierung an d’Budgetsdiskussioun?

Keen ‘Zukunftspak’ a keng ‘Zukunftsdiskussioun’

Wann een nämlech een Zukunftspak géif diskutéieren, da vermësse mer Grondsätzleches: strategesch Diskussiounen, Optiounen, déi sech net op d’Spuere beschränken. Mä et gëtt keng Linn fir d’Zukunft.

Zum Beispill: Wéi ee Wuesstum wëlle mer? Wéi eng Ziler setze mer eis an der Klimapolitik? Wéi schafe mer Sozialgerechtegkeet? Wéi solle mer d’Kafkraaft stäerken? All déi Froe sinn net behandelt.

Ass et awer eng Aleedung an de Budget 2015, dann, mengen ech, wier et logesch gewiescht, datt mer dat mam Budget zesumme gemaach hätten an datt mer dat am Kader vun der Budgetsdiskussioun diskutéiert hätten; och déi 258 Moossnamen an d’Loi de mise en vigueur, déi mer elo all Joers kréien.

A wann et – an do si mer eis dann op deem Punkt emol eng Kéier mam ADR eens – een Zukunftspak ass, bräichte mer onbedéngt een Zukunftsdësch. Een Zukunftsdësch wou d’Zivilgesellschaft, d’Gewerkschaften, d’ONGen, d’Beruffskummere mat diskutéieren iwwert déi strategesch Optioune vun deem, wat an deem Land hei soll op eis zoukommen, och wa mer sécherlech iwwerzeegt sinn, datt dat, wat do erauskënnt, grouss Divergenze gëtt mat deem, wat den ADR vläicht doranner wëllt leeën.

Berechnunge falsch an ierféirend

Een zweete Punkt, deen ech wëll ervirsträichen, ass d’Diskussioun iwwert d’Scholden. De Premier seet – an e wëll eigentlech e bësse jidderengem e schlecht Gewësse maachen domadder -, datt mer 2004 1,7 Milliarde Scholden hate beim Stat an 2013 eelef Milliarden. Vun de Fakten hier stëmmt dat. Wann ee se dann awer ëmrechent op d’Awunner, dann ass dat éischtens falsch an zweetens ierféierend.

Éischtens falsch. Wann een nämlech 1,7 Milliarden duerch 459.000 Awunner deelt, kënnt een net op 870 Euro, mä op 3.700 Euro.  An déi zweet Rechnung vun 2013 ass och falsch, well 11 Milliarden gedeelt duerch 548.000 Awunner ginn net 14.000 Euro, mee 20.000 Euro! Mä doriwwer wëlle mer awer elo net weider diskutéieren., well déi Rechnung ass net nëmme falsch, mee vrun allem och ierféierend, well hei d’Impressioun opkënnt, wéi wann all Awunner déi Schold hätt. Neen, et sinn net d’Awunner, déi déi Schold hunn, et ass de Stat! An de Stat kann een net verwalte wéi ee Stot. Et gëtt grouss Ënnerscheeder.

De Stat funktionnéiert aanescht wéi ee Stod

De Stat huet eng Aufgab vun Ëmverdeelung. En huet eng redistributiv Aufgab. En huet d’Aufgab, fir vum geschafene Mehrwäert een Undeel ze kréien, mat deem en Infrastrukture schaaft, ëffentlech Déngschtleeschtunge schaaft a seng regulativ Aufgabe mécht. Dat kann de Stot net. De Stot kann net a sengem Gaart ee Betrib implantéieren, vun deem sengem Mehrwäert en da lieft.

De Stat muss investéieren an d’Zukunft an domadder d’Akommes vu muer ofsécheren. Mä dat mécht d’Regierung net. Hei geet et virun allem ëm d‘Spueren. D’Stéit gi méi belaascht an dee geschafene Räichtum gëtt net ëmverdeelt.

De Premier seet: „Mir musse Moossnamen huelen. Et kann een net näischt maachen.“ Natierlech muss ee Moossnamen huelen, awer déi richteg! An da seet de Premier: „Mir hunn iwwer ons Verhältnisser gelieft.“

Wien liewt hei iwwert seng Verhältnisser?

Ah sou! Hu mir dat? Wien huet iwwer seng Verhältnisser geliewt? Déi 80.000 Leit, déi op der Aarmutsgrenz liewen? Oder déi 9.000 Leit, déi tatsächlech net iwwert d’Ronne kommen? Oder sinn et déi dausende Fraen am Botzsecteur, déi ouni Réckendeckung vun der Regierung derfir kämpfen, datt hir Aarbechtszäite respektéiert ginn, datt se hir Iwwerstonne bezuelt kréien an de Mindestloun emol respektéiert gëtt? Oder sinn et awer vläicht déi Superräich, déi Der net méi wëllt besteieren? Vläicht déi 655 Ultraräich, vun deene jiddweree mindestens 30 Milliounen huet an déi zesummen iwwer 65 Milliarden hunn?

Wie lieft iwwer seng Verhältnisser? A wie bezilt am meeschte par rapport zu sengem Besëtz? 10% vun de Maximalverdénger zu Lëtzebuerg kréie 25% vun de Revenuen. An 10% vun de Mindestverdénger kréien 3% vun de Revenuen. Dat ass d’Realitéit vun deem, wien iwwer seng Verhältnisser lieft!

Keng Léieren aus der Kris gezunn

An da gi keng Léiere gezunn aus der leschter Kris, déi mir all bezuelt hunn! Mat „mir“ mengen ech virun allem d’Leit, déi schaffe ginn, an d’Pensionnairen. A mat där Politik wäerte mir riicht an d’Mauer rennen, an d’Mauer vun där nächster Kris. De Banken- an de Finanzgesellschafte geet et ëmmer besser. Déi maache méi grouss Benefisser wéi jee. Mä et gëtt awer ëmmer manner vun deem, wat erschafft gëtt, an d’Realwirtschaft investéiert. An d’EZB geet och nach hin, anstatt d’Kafkraaft ze stäerken, keeft massiv Schrottpabeiere vun de Banken op, an dee geschafene Mehrwäert, dee geet an d’Spekulatioun. An domadder renne mer an déi Mauer vun der nächster Kris!

Sinn Alternativen tabou?!

Jo, et gëtt Alternativen zu där Politik, esou wéi d’Gewerkschaften an déi Lénk, wéi zum Deel och d’LSAP an déi gréng se ëmmer verteidegt hunn. Alternativen, déi doranner bestinn, fir eng gerecht Verdeelung ze maache vun de Steierlaaschten zwëschent de Betriber an de Stéit. Dat gëtt net gemaach. Et gëtt nach verschlëmmert. Fir eng gerecht Verdeelung ze maachen zwëschent direkten an indirekte Steieren. Och dat gëtt net gemaach. Déi indirekt Steiere gi weider an d’Luucht. Fir d’Steierhannerzéiung ze bekämpfen: Eleng an Europa sinn 100 Milliarde Steieren, déi all Joers – een Zéngtel vum Akommes – hannerzu ginn.

Et kéint een, an ech ënnerstëtzen d’LSAP doranner, de Spëtzesteiersaz eropzesetzen, wouduerch een eleng schonn 200 Millioune kéint akasséieren. Ech kéint mer virstellen, datt een déi ënnescht Tranche vun deene Leit, déi manner verdéngen, ewechléisst, an zwou Tranchen driwwer setzt mat 41 an 42%, an esou weider. Et kann een och spueren. „Spueren ouni Tabu“, huet de Premier gesot. Beim Militär a beim groussherzoglechen Haff gesinn ech keen „Spueren ouni Tabu“.

CSV waërt profitéieren

An et ass traureg ze gesinn, wéi LSAP a Gréng hei der DP, ABBL, ALFI a Co nodackelen an d’Bierger an d’Gewerkschaften eleng loossen. Mir bedaueren dat. Mir bedaueren dat, well mir géife gäre mat hinnen zesummen eng aner Politik maachen zur Ëmverdeelung vun uewen no ënnen, zur Stäerkung vun der Kafkraaft, esou wéi d’Gewerkschaften an d’Salariatsvertrieder, wat jo eigentlech hir elektoral Basis ass, dat froen.

Mir bedaueren et ëmsou méi, well d’CSV wäert doriwwer laachen, obscho si d’Politik vum Sozialofbau, esou wéi mer se an de leschte Jore kannt hunn a wéi Dir se weiderféiert, an d’Wee geleet huet, a souwéisou och wäert weiderféieren, wa si erëm an der Regierung ass.

TVA-Erhéigung a nei Cotisatioun sinn sozial ongerecht!

De Premier seet: „Déi kleng Leit kréien näischt ewechgeholl.“ Dat ass falsch. Ech fänken u bei der TVA. 2% Erhéijung fir jiddwereen, heescht: All Stot muss an Zukunft minimum 480 Euro méi op den Dësch leeën. Et wier gutt, wann de Premier emol eng Kéier mat der ULC géif doriwwer schwätzen. An et wär gutt, wann een emol wierklech géif liesen, wat d’Caritas seet, nämlech, datt dat déi sozial zimlech ongerechtste Steier wier, déi et iwwerhaapt gëtt.

Dat nämlecht stëmmt fir d’Cotisation sociale, mat där eng sougenannten „Zukunftskeess“ soll gespeist ginn. Mir wëssen näischt iwwert d’Rechter vun de Leit, esou wéi dat sech aus der Fleegeversécherung ergëtt, wou och eng Contribution sociale à part ass. Mir wëssen net, wat dat fir d’Grenzgänger heescht. Mir befierchten, näischt Guddes. An da gëtt gesot: „Et gëtt jo ee Véirel vum Mindestloun immuniséiert.“ Ech wëll drun erënneren: Bei der Fleegeversécherung ass et dee ganze Mindestloun. Dat heescht, déi Leit, déi kee Mindestloun hunn, déi gi mindestens zu dräi Véirel vun hirem Akommes mat 0,5% zousätzlech belaascht.

An da gëtt et och dozou Alternativen, dat ass nämlech déi normal Besteierung. Bei där normaler Besteierung bezilt een, fir all Akommes iwwert 100.000 Euro, 40%. Hei bezilt en 0,5%! A bei där normaler Besteierung bezuele Leit, déi ee klengt Akommes hunn, näischt. Hei bezuele se, ausser engem Véirel vum Salaire social minimum, och 0,5%.

Ech ginn elo net weider dorobber an, well ech einfach e puer Moossname wëll kuerz behandelen. Dozou gehéiert och d’TVA op der Zweetwunneng, zu där ech awer hei wëll eng Motioun ofginn, Här President, op déi ech dann herno bei der Motioun zréckkommen.

Kierzungen beim Kannergeld

Och d’Kannergeld ass net haaptsächlech eng Moossnam vu Vereinfachung, mä vrun allem eng Spuermoossnam, wat dat zweet an dat drëtt Kand ugeet.

An och d’Allocation d’éducation an d’Allocation de maternité, wou 74 Millioune solle gespuert ginn, sinn eng Spuermoossnam. Natierlech ginn et Alternativen zu dem Doheembleiwen, dem Ophale mat Schaffen, fir d’Kanner kënnen ze versuergen. Mä déi Alternativen, déi ginn hei net diskutéiert an net ausgebaut. Op jiddwer Fall kann d’Roll vun der Fra sech net op déi vun enger Reservearméi beschränken, déi an Zukunft soll erëm verstäerkt an den Aarbechtsprozess kommen.

‘Allocation d’éducation’ an ‘Allocation de maternité’

Jo, mir soe Jo derzou, datt d’Fraen ofgeséchert musse ginn. Et gëtt héich Zäit. Mä dat muss ee konkretiséieren. An d’Diktat, wat hei geschitt, de Moment, ass dat, datt et vill Leit ginn, déi kënnen net bei hire Kanner bleiwen, well se musse schaffe goen. A mir géifen eis virstellen, datt een alle Leit, allen Elteren, och de Pappen d’Méiglechkeet géif schafen, fir méi laang bei hire klenge Kanner ze bleiwen. Dozou ginn et eng Rei Méiglechkeeten, op déi mer da mussen zréckkommen.

D’Pressehëllef, ass gesot ginn, wäert heeschen, datt déi geschriwwe Press manner kritt. Op all déi aner Moossnamen hunn ech d’Zäit net, fir am Detail anzegoen. Ech gräifen nach eraus d’Veräiner, déi mussen d’Polizeipräsenz bezuelen, eppes, wat d’CSV schonn eng Kéier wëlles hat, wat deemools duerch d’Veräiner verhënnert ginn ass, wat sécherlech och zur Privatiséierung vun de Sécherheetsdéngschter wäert féieren.

Faits accomplis

Secondaire, Grondschoul, do wësse mer net vill. Zum Trimestre de faveur, do muss ee soen: Et gouf eng Reform vun de Gehälter am Statut am ëffentlechen Déngscht, wou de Congé, dee gestrach gëtt, wann een a Pensioun geet, scho mat dra war, wou och d’Biennalë gestrach ginn, wou d’Ufanksgehälter erofgesat ginn. An et ass eis ëmmer gesot ginn: „Do kann näischt dru geännert ginn.“, wann ee gesot huet, et si Carrièren, iwwert déi ee muss diskutéieren. Elo geet d’Regierung hin, eesäiteg dee Pak änneren, ouni dat mat deene Leit ze diskutéieren.

Och d’Gemenge ginn gestriizt

D’Gemenge wäerten e puermol bezuelen doduerjer, datt se manner Recettë kréien op der TVA, datt se déi Recetten, déi méi solle kommen, duerch d’TVA och net kréien. A beim Stat kréie mer, an da kommen ech zum Schluss, ëmmer gesot, de Stat hätt net genuch Leit, fir all déi Projeten, déi mer hei gäre géife weiderdreiwen, kënnen ze beschleunegen an esou schnell ze maachen, wéi mer politesch dat gäre géife maachen. Dat kréie mer praktesch an alle Ministèren ze héieren.

Ënnert dem Stréch ass dat hei kee Paradigmewiessel. Ënnert dem Stréch ass dat hei d’Fortsetzung vun enger Spuerpolitik op d’Käschte vun de Stéit, de Salariéen an de Pensionéierten. An et ass héich Zäit, datt d’Gewerkschaften an d’Bierger sech wieren, sech mobiliséiere fir d’Réckeroberung vum Recht, fir iwwer hir Zukunft ze décidéieren, an dat net de Superräichen an hiren Handlanger iwwerloossen.


Noddeems de Premierminister geäntwert huet, hunn ech nach eng Kéier Stellung bezunn, enner aanerm fir d’Motioun iwwert d’TVA-Erhégung op Zweetwunnengen virzestellen:

Ech mengen, et ass immens villes onkloer. An no deem, wat de Premier elo gesot huet, net méi kloer wéi virdrun. Ech mengen, et gi vill Themaen, op déi mer mussen zréckkommen.

Et ass erëm esou eng Rechnung elo gemaach gi vu 74 Chargés d’éducation, déi ee kéint spueren, à 22 Stonnen. Dat si 1.600 Stonne mol d’Joer. Dat wieren 20.000 Stonnen, déi ee géif spueren, well d’Schoul heiansdo éischter ausgeet. Also dat si Saachen, déi sinn net novollzéibar. Ech ginn dervun aus, datt mer iwwert déi Saachen do relativ schnell an transparent kënnen an deenen zoustännege Kommissiounen diskutéieren.

Alternativen eescht huelen

De Premier huet och gesot, déi Alternativen, déi mir – well mir hunn drop gehalen, fir Alternative virzeleeën, a mir stinn zu deenen Alternativen -, déi mir hei virgeluecht hätten, déi hätten heibanne keng Majoritéit. Mä awer och dowéinst, well zwou Regierungsparteien heiansdo e bësse vergiessen, wat se esou während de Wahle soen.

A well se haaptsächlech vergiessen, datt déi Saachen, déi mir soen, net iergendwou an engem lénken Eck gesot ginn, mä se entspriechen zum Beispill deem, wat d’Salariatskammer systematesch an hiren Avise mécht. Eng Salariatskammer, déi méi demokratesch gewielt ass wéi déi Chamber hei, well méi Leit d’Recht hunn, fir matzewielen. An ech géif trotzdeem virdru warnen, fir esou Alternativen einfach just wëllen an de lénken Eck ze setzen an driwwer ewechzegoen, datt dat dat ass, wat eng Majoritéit vun deene Leit, déi dobausse vertruede sinn an deene jeeweilege Strukturen, do soen.

Allocation d’éducation. Doriwwer geet d’Diskussioun jo eréischt un. An ier se ugeet, gëtt se schonn emol ofgeschaaft! An se gëtt och ofgeschaaft fir déi Leit, déi wéineg verdéngen, well déi hate se och zegutt. Jo, déi hate se och zegutt! A wa vun deem berühmte Bericht geschwat gëtt vun der Kommissioun vun der Famill, wou doriwwer geschwat ginn ass, dann huet deemools d’Familljeministesch grad beanstand, datt Leit, déi schaffe ginn, se zegutt hätten. Mä dat si „working poor », déi se zegutt hunn, mä se gëtt elo generell ofgeschaaft, ouni datt d’Ofsécherung vun deene Leit, déi mer gären am Aarbechtsprozess hätten, gekläert wier.

Ech kommen dann zum Punkt vum Wunnen. Ech wëll just dee Saz fäerdegmaachen, fir datt mer do kee Malentendu kréien. Et gëtt ee Risegruef zwëschent der Politik vun der CSV an där vun eis, wat déi Saach do ugeet. Eis Haltung geet just an déi aner Richtung, nämlech déi, fir datt d’Leit, déi schaffe ginn, d’Méiglechkeet hunn, fir och bei hire klenge Kanner ze bleiwen an awer sozialverséchert ze bleiwen, ouni „working poor‟ ze ginn. Well déi Aarbechtsplazen, déi do musse geschafe ginn, ech hunn Angscht, datt dat grad där sinn.

Zur Erhéigung vun der TVA op Zweetwunnengen

Zum Wunnen an zu der TVA. D’Regierung, de Premier sot, sengen Informatiounen no hätt d’Erhéijung vun der TVA op enger Wunneng, déi net déi éischt Wunneng ass, keng negativ Konsequenzen op d’Wunnengspräisser an op d’Loyeren. Senger Meenung no. Aner Leit soen de Géigendeel. An ech mengen, hie kennt der genuch och vun… Net nëmme Promoteuren, d’ULC ass net eng Associatioun vu Promoteuren, an d’Beruffskammer vun de Salariéen, déi d’Fro opwerft. Ech hu keng Äntwert drop.

Mä de Minimum wier deen, datt all déi, déi keng Äntwert hunn, och soen, se hätte keng Äntwert drop a si wéissten et net. An de Minimum wier deen, wann een esou eppes plangt, datt een higeet a mat de Sozialpartner zesummen – a wann ech soe Sozialpartner, da mengen ech se all – eng Etüd mécht, wou een emol eng Kéier analyséiert, wat d’Konsequenzen dovu fir de Wunnengsmaart sinn, souwuel fir d’Acquisitioun wéi fir de Loyer. Well Zweetwunnengen, dat si Wunnengen, déi gi verlount. An et ass kloer, datt dat eng Répercussioun op de Loyer wäert hunn.

A mir hätte gären, datt d’Regierung doriwwer eng Etüd virleet, esou wéi mer och gären hätten, datt mer emol eng Kéier seriö iwwert d’Wunnengspolitik diskutéieren. Well dee Règlement grand-ducal vun deenen 10.000 Wunnenge mat de Projets d’ensembles, déi de leschte Regierungsrot ofgestëmmt huet, hu mir nach net gesinn. Dat ass d’Fortsetzung vun deem, wat virdrun och bestanen huet. An do gëtt geschwat vun 10.000 Wunnengen an engem Zäitraum, deen net gekläert ass.

A wat mer brauchen, an dat ass kloer, dat huet de Conseil économique et social an anerer opgewisen, dat sinn 8.000 Wunnenge pro Joer, wa mer den Nohuelbedarf wëllen opschaffen. Dat sinn, aacht mol fënnef, 40.000 Wunnengen, déi mer an den nächste fënnef Joer brauchen!

A wat mer brauchen, ass eng Loyersbrems, iwwert déi och net geschwat gëtt. Mir wäerten do eng Proposition de loi maachen an deem Sënn. Mä iwwer all déi Saache wäerte mer sécherlech nach diskutéieren, och an der Commission du Logement, hoffentlech geschwënn.

An en attendant hätte mer gären, datt d’Regierung soll wierklech transparent mat de Sozialpartner zesummen esou eng Etüd maachen, fir datt mer wëssen, datt dat doten net och nach eng Kéier ee Selbstgoal gëtt, deen herno erëm eng Kéier Leit, déi net derfir kënnen, musse bezuelen.

Motion 1

Considérant l’intention annoncée du Gouvernement d’attribuer le taux super-réduit de 3% de la TVA uniquement à l’assainissement énergétique et à la construction, à l’achat ou à la rénovation d’un logement utilisé pour les besoins personnels et d’augmenter la TVA pour tous les autres logements au taux de 17%;

considérant qu’une telle augmentation du taux de TVA devrait être précédée d’une étude sur les conséquences d’une telle mesure sur les prix du logement, également locatif;

la Chambre des Députés invite le Gouvernement

à faire élaborer, ensemble avec les partenaires sociaux, une étude sur les conséquences d’une augmentation du taux de TVA sur les prix d’acquisition d’un logement et les loyers.

(s.) Justin Turpel.

La motion est rejetée avec 32 voix (DP, LSAP, Gréng) contre 28 (CSV, ADR, déi Lénk)

Share Button
Ce contenu a été publié dans Finances & Impôts, Interventions. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.