Wunnengskris zu Lëtzebuerg – Wou bleift de Schutz vum Locataire?

Hei meng ‘Carte Blanche’ op RTL Radio Lëtzebuerg vum Méindeg, den 16. Abrëll 2018.

Bekanntlech gëtt et zu Lëtzebuerg eng akut Wunnengskris. Wärend Joerzéngte gouf de Wunnengsbau vrun allem dem fräie Maart iwwerlooss; deen huet et awer net fäerdeg bruecht genuch Wunnengen ze produzéieren. Déi successiv Regierungen ënnert dem Här Juncker hunn Spekulatioun op Bauterrainen an Immobilien ongebremst weiderlafe gelooss. Déi aktuell Regierung seet zwar, sii hätt de Problem erkannt, mee sii huet awer kee Konzept, wéi an deenen nächsten 10 Joer déi 65.000 bis 75.000 Wunnenge gebaut solle ginn, déi hei am Land gebraucht ginn.

[Um Site vun RTL lausteren an d’Commentaire kucken]

Mee haut wëll ech op ee spezielle Problem hiweisen, dee mat dëser Wunnengskris ze dinn huet. An zwar d’Situatioun vun de Locatairen.

Wunnen ass ee Mënscherecht. Sou steet et am Sozialpakt vun der UNO an och an der Sozialcharta vun der Europäescher Unioun. Zu dem Mënscherecht op eng ugemoosse Wunneng gehéiert, datt Staaten a Regierungen verflicht sinn, Moossnamen z‘ergreifen, fir d’Wunnkäschten sou ze gestalten, dass se fir jiddereen erdrobar sinn. An dat ass zur Zäit net méi de Fall.

Wien sech keng Wunneng kafe kann, muss eng Wunneng loune kënnen. Dat ass aktuell fir 30% vun alle Stéit de Fall. An der Stad sinn et scho 50% vun de Wunnengen, déi gelount ginn. An déi meescht jonk Leit kënnen sech kaum nach eng Wunneng kafen, wann hier Elteren hinnen net dobäi hëllefe kënnen. Ëmmer méi Mënsche sinn deemno drop ugewisen, eng Wunneng zu engem bezuelbare Preis lounen ze kënnen.

Geréngverdéngend Stéit sollen dofir op eng Sozialwunneng zréckgräife kënnen. Ee Normalverdénger soll sech eng Wunneng zu engem Loyer leeschte kënnen, deen engem normalen Akommes entsprécht. An dovun si mer ëmmer méi weit ewech. 2016 hunn 35% vun alle Locatairë méi wéi een Drëttel vun hiren Akommes fir de Loyer ausgi mussen; Tendenz steigend.

Ee Loyer, deen sech am Joer 1995 op 1.200.- € belaf huet, kéint am Joer 2016, op Grond vun der Liewensdeierecht, 1.800.- € bedroen. Dat ass eng normal Entwécklung. Da aktuellt Loyersgesetz léisst awer zou, datt dee Loyer, op Grond vun der Entwécklung vun den Immobiliëpräisser, elo op 4.500.- € klamme kéint! Dat ass net akzeptabel. Fir dat ze änneren, misst dat aktuellt Loyersgesetz dréngend reforméiert ginn, sou wéi d’Deputéiert Marc Baum an David Wagner dat Ufank Mäerz an enger Gesetzespropositioun virgeschloen hunn.

An zwar sou, datt d’Loyeren net méi parallel zu den Immobiliëpräisser klammen, mee just souvill, wéi d‘Kafkraft vun de Leit. An dee Maximum duerf – am Géigesaz zu bis elo – dann och net méi iwwerschratt ginn.

Och bräichte mer eng national Loyerskommissioun, an der souwuel d’Locatairë wéi d’Propriétairë vertruede sinn, fir de Respekt vun de Loyerspräisser z’iwwerwaachen.

Wunnen ass kee Spekulatiounsobjet. Wunnen ass ee Mënscherecht. Dofir brauche mir dréngend eng Reform vum Loyersgesetz, fir sou deem schwächste Partner um Wunnengsmaart, de Locataire, ee wierksame Schutz ze bidden.

Carte Blanche op RTL, een Méindeg, den 16. Abrëll 2018 um 7h50

 

Share Button
Ce contenu a été publié dans Autres, Droit au logement. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.