Meng Carte Blanche op RTL: « Ëmdenken, Amëschen! »

Wirtschaftswuesstem, méi Wuesstem, manner Wuesstem, anere Wuesstem – déi Fro beschäftegt Lëtzebuerg. Wuesstem bréngt Gewënn, Léin, Steieren, Entwécklung a Fortschrëtt fir jiddereen. Wirtschaftswuesstem = Fortschrëtt, heescht déi geheim Formel, déi sech hannert der Wuesstemsdebatt verstoppt.

Mee, ass dat och sou? Bréngt Wirtschaftswuesstem wierklech deen erwaarte Fortschrëtt mat sech?

Fir op déi Fro ze äntweren, muss ee kucken, wat mat deem geschaafte Räichtum geschitt.

Mir wëssen: 99% vun der Weltbevëlkerung besëtzen zesumme manner wéi dee räichsten 1%, eng flagrant Ongläichheet, déi all Joer zouhëlt. An dat, well véier Fënneftel vum geschaafte Räichtum, 82%, direkt deem räichsten 1% zegutt kënnt. Wien also vill – vrun allem vill Kapital – huet, kritt vill derbäi. All déi aner, a besonnesch déi, déi vun hirer Aarbecht liewe mussen, kréie – trotz Wuesstem – ëmmer manner mat. Sou datt iwwert d’Halschent vun der Weltbevëlkerung all Dag mat 2-10 Dollar, dat sinn ëmgerechend 1,63 bis 8,17 Euro, auskomme muss.

Dee geschaafte Räichtum gëtt also kengeswees gerecht opgedeelt. Ganz am Géigendeel! An dat ass zu Lëtzebuerg net aanescht.

D’Opfaassung, datt, wat méi produzéiert gëtt, jidderee méi kritt, ass deemno carrement falsch!

Wann een Deel vun der Produktioun och nach d’Ëmwelt an d’Klima nohalteg zerstéiert, Kricher a Verdreiwung mat sech bréngt, massiv Mënscherechter verletzt, dann ass d’Schafe vum Räichtum de Géigendeel vu Fortschrëtt! Weder méi, nach manner Wuesstem, ass déi richteg Äntwert op des Schieflag. Bëssen Ofstand huelen, mol erëm dat Ganzt gesinn an doriwwer nodenken, sinn ubruecht!

An dobäi gesi mer, datt net de Wuesstem déi wichtegst Fro ass, mee wéi dee geschaafte Räichtum zustane kënnt a wéi e verdeelt gëtt.

Dat misst eis all vill méi beschäftegen. Do ass een Ëmdenken absolut noutwendeg. Dat maachen déi, déi vun dëser absurder Weltuerdnung profitéieren, sécher net. Dozou brauch et Drock vun ënnen, d’Mobiliséierung vun de Bierger géint déi iwwermächteg Finanzoligarchie. Ënner aanerem

  • fir eng uerdentlech Remuneratioun vun der Aarbecht; dobäi och ee Mindestloun vun deem e Liewe kann;
  • fir eng Produktiounsweis, déi souwuel Ëmwelt a Klima, wéi och Mënscherechter respektéiert; och multinational Gesellschafte mussen douzou verflicht ginn;
  • fir eng Steiergerechtegkeet, bei der och d’Kapital e gerechten Undeel bezilt, fir sou Sozialsystemer ofzesécheren an Infrastrukturen ze schafen, déi d’Liewensqualitéit vu jidderengem erhalen a verbesseren.

A dat och hei zu Lëtzebuerg. Wuesstem alleng séchert onse Pensiounssystem net of. Ouni Ëmverdeelung ass dat net méiglech!

A wann d’Majoritéit vun de Politiker mat deene Mächtege ënnert enger Decke stécht oder vrun hinne kuscht, da muss d’Ëmdenke vun ënne kommen. Mir sollen ons amëschen, an zwar massiv!

Share Button
Ce contenu a été publié dans Autres. Vous pouvez le mettre en favoris avec ce permalien.