„Ëmmer méi Rëss …“ – Meng Ofschlossried an der Chamber

Et war mir eng Éier fir an dëser Enceinte, wou Gesetzer gemaach an d’Regierung kontrolléiert soll ginn, zesumme man Serge Urbany, déi Leit ze vertrieden, déi normalerweis kee „droit au chapitre“ hunn; déi 95-99% vun der Bevölkerung, déi net zu deene gehéieren, déi d’Welt beherrschen an de Räichtum asäckelen. Fir hei déi Menschen ze vertrieden, déi de wierkliche Räichtum vun onser Welt ausmaachen.

Ech hunn dat immens gaër gemaach, an hunn dat ni als eppes Extraes, mee ëmmer just als Fortsetzung vun deem Asaz gesinn, deen ech och virdrun an de Gewerkschaften, de Komiteeën an de gesellschaftleche Bewegungen hat.

Ech soen all deene Merci, déi mech dobäi ënnerstëtzt hunn, de Mataarbechter aus onser Fraktioun, an och ausdrécklech de Mataarbechter aus der Chamber, déi eng wichteg Aarbecht am Dengscht vun alle Bierger maachen.

Leider erlaabt meng Gesondheet mer et net méi – wahrscheinlech och als Konsequenz dervu – deen Asaz sou weiderzeféieren, wéi ech dat fir noutwendeg halen.

Ech sinn awer frou, datt mam David Wagner ee jonken, dynamischen a grad sou kämpferesche Militant d’Relève iwwerhëllt, an deen op déi him eegen Art a Weis dësen Asaz weiderféiere wäert. Ech wënschen him an dem Serge vill Asazfreed an och Erfolleg an der Aarbecht, wëssend, datt an dëser Chamber ëmmer nëmmen dat realiséiert gëtt, wat d’gesellschafltech Kräfteverhältnisser erlaben. Emsou méi wichteg ass et, datt et eng lénk Bewegung gëtt, déi d’Mobiliséierung an der Gesellschaft ënnerstëtzt, weiderbréngt, an hei an dëser Arena rëmspiggelt.

“Ändere die Welt!Warum wir die kannibalistische Weltordnung stürtzen müssen”

Ech waërt och an Zukunft, sou wäit wéi meng Kräften et zouloosen, matwierken, un deem wat de Jean Ziegler schon am Titel vu sengem leschte Buch seet, an zwar: “Ändere die Welt!” mam Ënnertitel: “Warum wir die kannibalistische Weltordnung stürtzen müssen” (1). Jo, ëm eng kannibalistesch Weltuerdnung handelt et sech beim globalisiéierte Kapitalismus! Millioune vu Leit si gestuerwen am Asaz géint déi “kannibalistesch Weltuerdnung”, am Kampf géint d’Ausbeutung vu Mënsch a Natur, am Asaz fir ee Gesellschaftssystem, deen op Gläichhheet a Respekt vun all Mënsch opbaut.

Wann haut rëm ëmmer méi Mënschen a Kricher an an aanere vu Mënsche selwer provozéierte Katastrophe stierwen an a Massegriewer endege – och zu Zigdausenden am Mëttelmier –, ëmkommen duerch Honger a Krich oder op der Flucht vrun Ënnerdréckung an Aarmut, da wësse mir datt mier nach wäit eweg si vun enger Gesellschaft, déi dat realiséiert, wat all d’Völker sech 1948, no zwee fiirchterleche Weltkricher, am éischten Artikel vun der Mënscherechtscharta als Imperativ gesat hunn: “All Mënschen si fräi a gläich, hunn déi selwecht Dignitéit a Rechter. Si hu Verstand a Gewëssen, a sollen een dem aaneren am Geescht vu Bridderlechkeet begéinen.”

„Im dominierenden Diskurs ist Anpassung das Schüsselwort; wer sich nicht anpasst wird eliminiert.”

“D’Feinde vum Mënsch”, seet de Jean Ziegler,”sinn haut déi weltwäit Diktatur vun den Oligarchië vum globaliséierte Finanzkapital an déi absurd Uerdung, déi si dem ganze Planéit opzwéngen, mat als Folleg dervun erniddregt hongereg Mënschen an zerstéiert Familljen”.

Jo, d’Upassung un déi globaliséiert Weltwirtschaftsuerdung ass d’Iwwel vun onser Zäit, oder wéi de Riccardo Petrella et ausdréckt: “Der neue Diskurs, der jeden Tag in allen Sprachen von den Medien aller Länder geführt wird, sagt uns, dass die gegenwärtige Globalisierung ein grundlegender, unausweichlicher, unwiderstehlicher Sachzwang ist, gegen den niemand ankämpfen und sich wehren kann. (…) Im dominierenden Diskurs ist Anpassung das Schüsselwort. Es heisst, man müsse sich an die Globalisierung anpassen. Wer sich nicht anpasst wird eliminiert.”

Jiddereen huet de Choix: Upassen oder Widersetzen?!

Sech der Upassung un déi globaliséiert Weltwirtschaftsuerdnung widersetzen, sech wieren, dat ass de “moraleschen Imperativ”. Jiddereen huet de Choix: Upassen oder Widersetzen?! Wéivill Lidder aus der Aarbechterbewegung froen: “Wich side are you on?” – “Op wéi enger Seit stees du?”

Och hei an dëser Enceinte huet jiddereen, all Deputéierten, jidderzäit d’Verantwortung an de Choix selwer ze décidéieren, op wéi enger Säit ee steet, op en sech de globaliséierte Machtverhältnisser upasst, oder nët!

Et gëtt ëmmer méi Rëss an der Front vun der Upassung …

Dobaussen, an der richtiger Welt, gëtt ët ëmmer méi Rëss an der Front vun der Upassung. Ët gouf ëmmer Mënschen, an et gëtt der ëmmer méi, déi sech widersetzen, Fräiheet afuerderen a géint déi falsch Weltuerdnung virginn.

“La colère emporte l’émeute comme le vent emporte le feu” sot de Victor Hugo 1862 an „Les Misérables“ – “D’Roserei facht den Opstand un wéi de Wand d’Feier.” Am Weste wéi am Osten, am Süde wéi am Norden, bléist de Wand ëmmer méi staark. Ob als Folleg vum moraleschen Imperativ, aus Roserei iwwert Chaos a Misère an dëser Welt oder als Ausdrock vu Solidaritéit a Respekt vrun all Mënsch: d’Verweigerungsfront géint d’Upassung wiisst, si schwäzt hier eege Sprooch, déi ëmmer manner z’iwwerhéiere waërt sinn; an domat wiisst d’Hoffnung an dëser Welt. Oder wéi de Bertold Brecht an däischteren Zäite sot:

“Dat Grousst bleiwt net grouss, a kleng net dat Klengt.
D’Nuecht huet zweelef Stonnen, da kënnt schon den Dag”
.

An deem Sënn: Au-Revoir …

(1) Jean Ziegler, „Ändere die Welt! Warum wir die kannibalistische Weltordnung stürtzen müssen“, 2015, Bertelsmann ISBN 978-3-570-10256-5; die Originalausgabe ist 2014 unter dem Titel „Retournez les fusils! Choisir son camp“ bei Editions du Seuil, Paris, erschienen.

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Persönliches, Soziales abgelegt und mit , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu „Ëmmer méi Rëss …“ – Meng Ofschlossried an der Chamber

Kommentare sind geschlossen.