Meng Carte Blanche op RTL: „De Kapitalismus léisst sech net reforméieren!“

Meng ‚Carte Blanche‘ op RTL Radio Lëtzebuerg vum Méindeg, den 25. Juni 2018.

[D’Carte Blanche um Site vun RTL lauschteren an d’Commentare liesen]

Et soll een d’Saach kloer beim Numm nennen: Déi Gesellschaft an där mir liewen, ass eng kapitalistesch Gesellschaft! Jidderee weess et, mee kaum ee seet et … Et misst ee séch jo soss d’Fro stellen, wat ass dee Kapitalismus, wéi eng Auswierkungen huet en op Mënsch a Natur.

Kapitalismus heescht Striewe no Profit, egal wat et kascht, verbonne mat mat immensem mënschleche Leed an enger ëmmer méi massiver Zerstéierung vun Natur an Ëmwelt. Mat Millioune vu Leit déi vun Honger stierwen, wärend eng kleng Minoritéit onendlech räich ass, an nach ëmmer méi räich gëtt.

Am Kapitalismus vum 21. Joerhonnert drängt eng kléng Elit vu Kapitalbesëtzer, vu Finanzoligarchen, der ganzer Welt hir Muecht op, an dat méi staark, méi emfaassend, wéi je e Keeser oder Kinnek dat konnt.

De Jean Ziegler, schwäizer Soziolog an Auteur vu ville Bicher zu deem Thema, seet et riicht eraus: De Kapitalismus muss zerstéiert ginn, ier en onse Planéit zerstéiert! An: De Kapitalismus léisst sech net reforméieren! Grad wéi de Sklaventum, deen 48 Millioune Mënschen deportéiert an entmënschlecht huet, net méi human gemaach oder verbessert konnt ginn. Dee System huet missen zerstéiert ginn a verschwannen, seet de Jean Ziegler. Och de Kolonialsystem, deen onendlecht Leed op der Welt geschaf a just wéineg Leit immens räich gemaach huet, konnt net just verbessert ginn. An esou – de Jean Ziegler weider – ass et och mam Kapitalismus. Et ass grondsätzlech onméiglech sou ee Gesellschaftssystem ze reforméieren, e System, dee Bëscher, Waasser a Klima zerstéiert an de Mënschen Krankheet, Honger an Kricher bréngt.

Mënsch a Natur sinn haut amstand genuch ze produzéiere fir bal duebel souvill Mënschen ze ernären, wéi der op dëser Welt liewen; trotzdeem stierft all 4 Sekonnen ee Kand ënner 10 Joer un Honger. Dat ass Mord, seet de Jean Ziegler! 2 Milliarde Mënschen – also bal all drëtten – huet keen Zougang zu propperem Waasser, wärend e puer Multiën sech dat Waasser fir hire Profit uneegnen. Bal de ganze Räichtum deen op dëser Welt geschaf gëtt – 87% dovun – geet an d’Täsch vun deenen räichsten 1%.

Vill Leit hunn sech an enger Nisch ageriicht, wou et hinnen – vis-à-vis vun aneren – relativ gutt geet. Mee och si waërten op d’Dauer net vun den Auswierkunge vun Ëmweltzerstéierung a Krich, oder vun enger vun de nächsten Wirtschaftskrisen verschount bleiwen. D‘Majoritéit vun de Mënsche leiden ëmmer méi ënnert der kapitalistescher Profitwirtschaft. Iwwerall op der Welt kämpfe Leit fir d’Iwwerliewen a fir eng besser Welt.

Vill Asaz vun den Aarbechter an Aarbechterinnen, Gewerkschaften, Jugendlechen, Fraen, ënnerdréckte Minoritéiten, hunn et erlaabt d’Leed op dëser Welt e Bëssen anzeschränken. Trotzdeem musse mir ons bewosst ginn, datt d’Mënschheet nëmmen dann eng Zukunft huet, wann si sech fräi mécht vun all Zort vun Ënnerdréckung.

Carte Blanche op RTL, e Méindeg, den 25. Juni 2018 um 7h50

[D’Carte Blanche um Site vun RTL lauschteren an d’Commentare liesen]

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Finanzen und Steuern, Klima und Umwelt, Soziales abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.