Interpellatioun iwwert d’Problemer an der Beruffsausbildung

 

Hei meng Interpellatioun zu den aktuelle Problemer an der Beruffsausbildung …

… souwuel als Video, fir ze Lauschteren …

view video on chd.lu 

… wéi och den Text, fir ze liesen :

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Wéi géife mir liewen ouni Schräiner, Bäcker, Coiffeuren, Gäertner, Käch, Steemetzer, Elektriker, Installateuren, Mecanicienen, Lokomotivführer, Beruffspompjeeën … an all di Leit déi an deenen aneren 110 Beruffer schaffen , ob déi si an der Beruffsausbildung virbereet ginn? Mir hätten keen Dach iwwert dem Kapp, keng Luucht an keen Drénkwaasser! – Mir brauchen d’Aarbecht vun deene Leit, hiert Wëssen a Kënnen. Wat wär ons Gesellschaft ouni hiren Asaz?

A wat ass dat fir eng Gesellschaft, déi Mënschen, déi an deene Beruffer schaffen, als „manner wäert“, wéi anerer, bspw. Akademiker, gesäit. Eng Gesellschaft wou an der d’Schoul gesot gëtt, hien/hat ass „net gutt genuch“ fir an de Classique, wou Elteren sech genéieren, jo bal schumme, wann hire Jong oder hiert Meedchen „et net bis an de klassesche Lycée gepackt huet“ an eng Beruffsausbildung mécht!

De Lycée technique huet et mam “Diplom de fin d’études secondaires techniques” fäerdeg bruecht, nieft dem secondaire général, dem klassesche Lycée, Unerkennung z’erreechen. Mee fir d’Berufsausbildung ass dat nach laang net de Fall – net ze schwäzen vun deene Jonken, déi keen Schoulofschloss kréien, an eigentlech an onser Gesellschaft eng besonnesch Opmierksamkeet bräichten.

Et duerf keng Wäertschätzung ginn tëscht verschiddene Mënschen a Beruffer; et gëtt verschidde Weeër zu enger Formatioun, déi jidder engem erlabe mussen zu engem mëndegen an emanzipéiert Bierger zu ginn. Grad dat wier de Vierdeel vun enger Gesamtschoul, iwwert déi mir lo hei awer net diskutéieren. Mee ech wäert nach op dës Problematik vun der Erzéiung vun mëndege Bierger zréck kommen …

 

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Ech hat dës Interpellatioun am Mee vun dësem Joer ugefrot. Zu deem Moment gouf et ganze Koup Problemer an der Beruffsausbildung – oder besser mat der Reform vun der Beruffsausbildung, sou wéi se 2008 duerchgefouert gi war –, Problemer, déi dréngend Léisunge gebraucht hunn. Dat war ëmsou méi krass, wéi d’Gewerkschaften vun de Proffen an d’Berufsskummeren schonn am Virfeld op eng ganz Rei Punkten opmierksam gemaach hunn, mee am Ministère net dat richtegt Gehéier fonnt hunn.

An der Tëschenzäit goufen eng Rei Saachen geännert, e.a. anerem duerch d’Ëmsetzung vun enger Instruction ministérielle vum 24. Abrëll vun dësem Joer. Och dodrop kommen ech zréck.

An demnächst steet rëm eng gréisser Reform vum Gesetz iwwert d’Beruffsausbildung bevir; de Minister ass an Diskussiounen mat de zoustännegen Beruffschamberen an de Gewerkschaften, an huet an der Unterrechtskommissioun vum 9. Oktober ugekënnegt, datt de Projet de loi zur Reform vun der Beruffsausbildung nach am November – et gëtt éischter wuel Dezember – vun dësem Joer, hei an der Chamber deposéiert soll ginn.

 

Mee lo mol, eent nom aneren:

[Ursaache Reform 2008]

Fir d’Problemer vun der Beruffsausbildung ze verstoen, ass et wichteg, kuerz ze beschreiwen, wéi déi Ausbildung lo opgebaut ass.

Den 18. November 2008 huet dës Chamber mat 53 Stëmmen d’Reform vun enger Beruffsausbildung gestëmmt, déi méi wéi 60 Joer um Bockel hat. D’Ziel vun der Reform war et, déi Formatioun méi kohärent ze maachen, mat enger Formation de base resp. enger Formation intiale, duerno der Formation continue an eventuell Formation de reconversion – dëst ënner dem Stéchwuert Liflong Learning. Déi 7 gréng Deputéiert haten 2008 dergéint gestëmmt, well si d’Besuergnis vun de Beruffskummeren gedeelt hunn, eng méi ëfaasend, allgemeng Reform vun der Ausbildung, grad sou wéi eng efficace Orientatioun vermësst hunn.

Duerch dës Reform vun 2008 kruten d’Schüler no der 9e – dem cycle inférieur vum secondaire technique oder fir Eenzelner vum régime préparatoire –dräi Méiglechkeeten:

1) Eng Formation professionnelle de base zum Certificat de capacité professionelle, CCP – 3 Joer, bis 12e (dat war deen alen CCM an CITP);

2) Eng Formation professionelle initiale zum Diplôme d’aptitude professionnelle, DAP – 3 Joer, bis 12e (dat war den alen CATP);

3) Eng Formation professionelle initiale zum Diplôme de technicien (DT) – 4 Joer, bis 13e.

Dofir gëtt et

  • Klassen mat “Cours à plein temps” fir all Techniciens- Formatiounen a puer DAP-Formatiounen (wéi z.B. Menuiserie-Ebénisterie am LTPEM); d’Schüler vum plein temps mussen während hirer Formatioun 2 Stage vun insgesamt 12 Wochen maachen;
  • Klassen mat “Cours concomitants”, d.h. mat engem ‚contrat d’aprantissage‘, engem Léiervertrag; dës Schüler verbréngen eng Zäit an der Schoul an eng Zäit am Betrieb, ënnerschiddlech, je no Formatioun;
  • Donieft gëtt et eng Réi DAP-Formatiounen wou 10e à plein temps ass, an 11e an 12e mat contrat d’apprentissage (z.B. Auxilliaire de vie).

Nei waren vrun allem:

  • Een Unterrecht no Kompetenzen, wou op Beruffsprofiller entspriechend Programmer a Modullen, Indicateuren an Mindestkënntnisser opgebaut ginn;
  • Ee System vu Modullen, mat “unités capitalisables”, also Deel-Qualifikationen, déi ee kumuléiere muss, fir den Ofschloss ze kréien;
  • Eng nei Partnerschaft mat de Betriber, fir d’Ausbildung besser un d’Besoinen an d’Débouchéen unzepassen;
  • D’validation des acquis de l’expérience; sou eng Unerkennung vun der Experienz gouf fir d’éischt am Gesetz vun der Uni 2003, an duerno an dem iwwert d’Berufsausbildung 2008.

Dobäi ass och d’Formatioun vum Technicien aus dem Régime technique rausgeholl an nom selwechten System an d’Beruffsausbildung agegliddert ginn. Den Technicien kritt ab der 12e och “Modules préparatoires” ugebueden, fir op eng Héichschoul ze goen oder ee BTS (Brevet de technicien supérieur) ze maachen.

Den nationalen Ofschlossexamen ass an der ganzer Beruffsausbildung ofgeschaaft, an duerch ee Projet intégré final (PIF) ersat ginn. Sou ee Projet intégré final soll jee no Formatioun während 2 bis 24 Stonnen fächeriwwegräifend Kapazitéiten vum Schüler préifen. Fir DAP an de Technicien gëtt et een Projet intégré intermédiaire an der Halschent vun der Formatioun (dann ass no der 11e Technicien, resp. an der hallwer 11e DAP). Ausser beim CCP, do gëtt et kee PIF; si mussen just eng bestëmmten Unzuel vu Moduler gepackt hunn.

Et kann och kee méi duerchfalen, ee Modul, deen ee net gepackt huet, kann een während der Formatioun, respektiv um Enn vun der der Formatioun nohuelen.

Déi nei Beruffsausbildung ass ugaang am September 2010 mat 19 Ausbildungen “Formations phares” op 10e. D’Joer drop, am September 2011 koumen 91 Formatiounen derbäi. An 2012-2013 ass d’Formatioun vum Technicien administraif et commercial agefouert ginn.

 

[Haaptproblemer vun der neier Beruffsausbildung]

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Ech kommen lo zu den Haaptproblemer vun der neier Beruffsausbildung:

1) Keen Duerchfalen méi. Dëst gëtt eng falsch Siicht vun der wierklecher Leeschtung/Weiderkommen, souwuel fir d’Schüler, wéi fird’Elteren.

2) (Ze)vill Moduler, déi vill Schüler nohuele mussen. Souwuel fir de Schüler, wéi fir d’Schoul ass dat net ze packen; Konsequenz: Schüler kréien, trotz zousätzlechem Joer, keen Ofschloss! [keng wierklech Ännerungen duerch Instruction 21.4.2014 Wat an der Inst. min. steet war just eng Iwwergangsléisung vir déi Schüler op der 11e DAP an 12e DT déi hoffnungslos iwwerfuerdert waren an deenen een Méiglechkeet ginn huet, e Joer drun ze hänken, vir hir net gepackten Moduler opzeschaffen. Ob dat e Succès war, weess ech net. Mir hunn dozou keng Donnée’en

3) Unterrecht no Moduler. Dat bréngt eng immens Zerstéckelen vum Unterrecht; interdisziplinären, fachiwwergräifenden Unterrecht gëtt doduerch schwiereg bis onméiglech. Een interdisziplinären Unterrecht gëtt net méi gefördert.

4) Unterrecht no Kompetenzen. Et gëtt oft nëmmen ee vaguen Referentiel an oft keng oder onkloer Beruffsprofiler. Dat féiert zu nger ëmmer méi subjektiver an ontransparenter Bewertung vum Schüler.

5) Allgemengunterrecht, wéi Sproochen a Mathematik, kënnt ze kuerz.

6) Et ginn kaum manner Schüler, déi keen Ofschloss kréien oder scho virdrun opginn (Décrocheurs) wéi virdrun!

    • D’Statistiken, déi no der “formation phare” an och déi déi lo just veröffentlecht gi sinn, weisen dat ganz kloer aus:
      Um Enn vun der 12e bei de formations-phares hun manner wéi 50% hire Certificat kritt (vun deenen déi op der 12e ageschriwwen waren). Vergläicht een awer d’Reussite op 12e mat de Schüler déi ageschriwwe waren op 10e, fält den taux de réussite op 29,7%. Also manner wéi 1/3 vun de Schüler, déi op der 10e ageschriwwe waren, hunn op der 12e en Diplom kritt.
    • Méi wéi 30% vun de Schüler ginn als „décrocheur“ agestuuft (keng Verbesserung par rapport vun virdrun).

Am Verglach mat dem alen CATP kann een absolut keng substantiell Verbesserungen an der neier Beruffsausbildung gesinn – ausser dass Schüler, Elteren, Proffen an Direkteren manner zefridden sinn an d’Qualitéit a ville Moduler an a ganze Formatiounen erofgaang ass.

7) Promotiounscritèren sinn – trotz raushuelen vun allem wat op Héichschoul virbereet – haart vis-à-vis vum cycle inférieur, wou d’Kriteren fir den Ofschloss vill méi liicht sinn.

8) Weiderléieren op Héichschoul gëtt ëmmer méi schwéier (49%, an der Moyenne, vum alen Technicien, sinn den eegenen Statistiken vum MEN no bis elo op eng Héichschoul gaang, an eenzelne Beräicher souguer 70-80 an 100%!). Et wir interessant ze wessen, op an Zukunft des “positiv” Tendenz am néien Technicien bäibehale gëtt (och wa bis elo nach keng Statistike kënne virleien, well déi éischte gréisser Klassen eréicht des d’Joer fäerdeg ginn mat der 13e)

9) Et gëtt net genuch Léierplazen (cf. Statistiques 10-11/2013 n 10-11/2104) an et gëtt een Ongläichgewiicht tëscht Nofro an Ugebuet.

Als Konklusioun vun der Reform vun 2008 muss ee soen: Vill méi Onzefriddener, manner Qualitéit, grad esou vill Décrocheurs a grad esouvill Echece, wéi virdrun. – Wou ass de Virdeel vun dëser Reform, muss een sech do froen?

[Noutwendeg Ännerungen – 10 konkret Virschléi]

Dofir Här Präsident, Dir Dammen an Hären, well ech 10 konkret Ännerungsvirschléi maachen. Et sinn dëst:

1) D’Kenntnisser a Wëssen am cycle inférieur ausbauen an de Niveau vum Ofschloss m cylcle inférieur ropsetzen; wa néideg misst do eventuell ganz allgemeng ee Joer bäigesat ginn; do missten zousätzlech Léisungen am Kader vun der Lycéesreform fonnt ginn!

2) 10e Plein temps fir jiddereen/t vun DAP a CCP; oftmols si vill Schüler ze vill jonk fir an ee Betrib ; an dat géng och dem Respekt vum Alter vun der allgemenger Schoulpflicht entspriechen.

3) Eng nei Organisatioun vum Rattrapage maachen, mat individualiséiertem Appui, asw…, während dem Joer, d.h. fréizäiteg reagéiren. Op jidder Fall muss ee verhënneren, datt d’Modulen, déi ee net gepkackt huet, bis se net méi ze bewältige sinn! – Dozou mussen déi dozou noutwendeg zousätzlech Ressourcen zur Verfügung gestallt ginn!

4) D’Organisatioun no Moduller a vun de Moduller misst mat allen Akteuren zesummen iwwerduecht ginn: Beruffsprofiler, Programmer, Mëttelen an Evalutatioun mussen iwwerschafft ginn. D’Evaluatioun no Kompetenzen duerf net méi deen eenzege Aspekt vun der Bewertungvum Schüler sinn.

5) Projet intégrés opwäerten an ausbauen, fir datt Schüler een Iwwerbléck an Gesamtzesummenhäng erkennen a meeschteren.

6) Genuch Léierplazen schafen, och am ëffentleche Secteur (Staat, Gemengen), souwuel DAP wéi och CCP; grad beim CCP ginn ëmmer manner Léierplaze ugebueden, grad do ginn der vill méi gebraucht! D’Betrieber mussen derzou ugehal ginn, genuck Léierpléazen ze schaafen. Dozou schléit beispillsweis den SEW, de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL, eng speziell Tax vir fir Betrieber, déi net ausbilden! Och de Problem vum Gläichgewiicht tëscht de Beruffer, tëscht dem Ugebuet an der Nofro, muss och iwwert eng korrekt Orientéierung geléist ginn.

7) Iwwergang zur Héichschoul förderen (méi wéi 50% vun de neien Aarbechtsplazen sinn BAC+), e.a. Mathematik op 10e an 11e vum Technicien rëmaféieren. Iwwerhaapt stellt sech d’Fro, ob et net besser wier erëm d’Formatioun vum Technicien vun der Formation professionnelle an de Régime technique eriwwerzehuelen?! Och d’Passerellen, d’Brécken tëscht deene verschiddenen Typen vun Ausbildung, mussen iwwerduecht ginn.

8) D’Ëffentlech Schoul vis-à-vis vun der Wirtschaft opwäerten; net nëmme “employability” (Beschäftegungsfähigkeet), mee och mündeg an emanzipéiert Bierger mat Allgemengwëssen erunzéien. Dat wat eng Privatschoul (E. Metz) duerf a kann, muss d’ëffentlech Schoul och kënnen an duerfen (sou wéi bei der Schräiner-Formatioun)!

9) Et soll eng Certificatioun vun de Formateuren an de Betriber agefouert ginn. 3×8 Stonnen Formatioun fir d’Formateuere ginn net duer. An Däitschland sinn dat beispillsweis 180 Stonnen plus een Examen!

10) Een ambitiéist Reformgesetz, wat d’Beruffsausbildung net just rëm gérabel mécht, mee sech méi wäitgehend Zieler setzt fir d’Zukunft vun ville jonke Leit. Op d’Gewerkschaften lauschteren!

 [Puer speziell Problemer, déi geléist musse ginn]

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Hei nach puer speziell Problemer, déi misste geléist ginn:

  • D’Orientatioun op déi verschidden Formatiounen: Och eng korrekt Orientatioun dréit derzou bei, datt jiddereen eng Léierplaz fënnt, deen eng brauch. Op kee Fall sollen d’Schüler schonn am cycle inférieur oritentéiert ginn; do soll Allgemengbildung gefördert ginn an net d’Selektioun. Mir hunn de Moment eng “Orientation par défaut”. Mir brauchen awer eng interaktiv Orientéierung, déi och op d’Intressi vun deene Betraffene trëfft! Och mat den “Assessment Centeren”, sou wéi d’Chambre du Commerce se virschléit, a wou si fréizäiteg, am cycle inférieur oder spéitstens no 9e soen wëllen, wien wat kann a fir war gutt ass, sinn net akzeptabel!
  • Leit mat Handicap duerfen net ausgeschloss ginn. Do bleift nach villes ze maachen. De Moment quasi keng Méiglechkeet fir een Patron ze fannen als Behënnerten-Léierbouf/meedchen; ze oft Richtung EDIFF an Atelier Protégé orientéiert, mat nëmmen ganz seelen Méiglechkeet fir een DAP oder CCP maachen ze kënnen. Oft ginn déi Betraffen vun der ADEM a Richtung Ausland orientéiert wéi z. Bsp. Bitburg bei Euro-BBW, dem Europäischen Berufsbildungswerk, wëll et hei eben keng sou Méiglechkeeten ginn! Déi musse geschaf ginn.
  • Den Accueil vun den ’nouveaux arrivants‘: Ev. Classes d’accueil (des Klassen ginn et zwar, mee net spezifesch vir d’Beruffsausbildung) schafen + Konzepter an organisatoresch Viraussetzung fir eng reell Integratioun an d’Beruffsausbildung. Dobäi misst och d’Roll vun de Sproochen am Berufsunterecht iwwerduecht ginn.
  • De qualifizéierten Mindestloun soll ee mat engem CCP net réischt no 5 oder 7 Joer kréien, wéi de Ministère dat plangt, mee weiderhinn no 2 Joer oder souguer direkt, wann een den CCP huet.
  • Décrocheurs, e Problem, deen ee muss an de Grëff kréien. Dëse Punkt waër eng speziell Debatt an der dëser Chamber wärt.
  • D’Evaluatioun vun der Berufsausbildung. D’Evaluatioun vum momentane Gesetz, dem Gesetz vun 2008, ass duerch Gewerkschaften a Beruffskummeren gemaach ginn; dat geet duer. Lo soll sou schnell wéi méiglech ee neit Gesetz gemaach an am Dezember 2014 an der Chamber deposéiert ginn; do soll ee keng Zäit méi verléiren. D’evaluatioun vun deem Gesetz, wat dann d’nächst Joer gestëmmt an am September 2015 a Kraaft triede kann, soll duerno duerch d‘Uni Lëtzebuer gemaach ginn.

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Ech si four, datt ech déi aktuell Problemer vun der Beruffsausbildung erkläre konnt an hoffen, datt meng Verbesserungsvirschléi beim Ministère net op daf Oure stoussen. Ech hoffen och, datt de Ministère déi absolut noutwendeg Verbesserung vun der Beruffsausbildung zesummen mat den Gewerkschaften an de Beruffskummeren schnell finaliésiert an ëmsetzt, ouni datt et, wéi an aanere Beräicher vun der Edukatioun, all Dag zu neien Orientéierungen kënnt.

Ech soen Iech Merci fir äer Opmierksamkeet.

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Bildung & Schule abgelegt und mit , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.