Ried fir den Index

[Meng Ried bei der Indexaktioun vun déi Lénk an der Scheck-Iwwerreechung un d’UEL den 20. September 2013]

Jiddereen, all Mënsch deen zu Lëtzebuerg géint Loun a Gehalt schafft, ass a leschter Zaït ee ganze Mount gratis schaffe gaang – ee ganze Mount schaffen ouni Pai, och ee ganzen Mount ouni Rent – just datt dee Mount op e puer Joer verdeelt ginn ass, fir datt et net sou wéi deet.

D’Indexmanipulatioun zënter 2006, d’Verréckele vu 6 Indextranchen, mécht tatsächlech fir jiddereen e Verloscht vun der Pai vun engem ganze Mount aus!

Vun 2006 un, goufen deene Leit, déi op hire Loun oder hir Pensioun ugewise sinn, op déi Aart a Weis ronn 1,5 Mia geklaut – 1,5 Mia déi si manner u Kafkraaft haten. Dee gréissten Deel dovun kruten d’Betriber geschenkt. Wa mir d’Paie beim Staat mol ewechloossen, sinn dat méi wéi 1,2 Mia, déi d’Patronat einfach konnt an d’Täsch stiechen.

Alleng an der leschter Regierungsperiod, méi genee vun 2011 un, krut d’Patronat ëm déi 700 Mio duerch Indexmanipulatioun geschenkt… An dofir si mir hei, fir dorop opmierksam ze maachen, an eis derfir anzesetzen, datt dat do ophéiert! Fir deenen Häre Konzem a Würth kloer ze maachen, wat dës Regierung hinnen alleng duerch d’Indexmanipulatioun fir e Cadeau gemaach huet, hannerloosse mir hinnen e Chèque an der Héicht vun 662.676.000 €, a soen hinnen awer gläichzeiteg och: esou duerf et net weidergoen!

Den Index ass do firIndexaktioun_2 Deirecht, de Verloscht vun der Kafkraaft, auszegläichen: all Kéier wann d’Inflatioun ëm méi wéi 2,5% zougeholl huet, ginn d’Paien an d’Pensiounen nodréiglech mat enger Indextranche vun 2,5% ugepasst.

1921 gouf dee Mechanismus bei der Eisebunn a beim Staat agefouert; am Krich gouf e vun de Preisen ausser Kraaft gesat, 1946 gouf e rëm hiergestallt, an 1948 verallgemengert. Scho bei den éischte Zeeche vu Kris Enn 70er Joren, ass déi automatesch Indexupassung vum Patronat a  senge Parteien a Fro gestallt ginn. 1982 hu mir géint d’Indexmanipulatiounen vun der CSV-DP-Regierung demonstréiert a 24 Stonne laang gestreikt. Dorophin ass d’LSAP – mam Verspriechen den automatischen Index ganz bäizebehalen – an d’Regierung komm.

2006 ass et dunn duerch CSV – mat Hëllef vun der LSAP – zum Verréckelen op méi spéit vun 3 Tranche komm: vu 07/2006 op 12/2006 (5 Méint); vu 11/2007 op 03/2008 (4 Méint) a vu 06/2008 op 03/2009 (9 Méint) – am Ganzen ëm 18 Méint. Dat huet de Leit, déi schaffe ginn, 625 Mio Kafkraaft kascht an dem Patronat 523 Mio zousätzlech Beneficer bruecht …

D’Fortsetzung kennt dir … 2011 ass vun CSV an LSAP, mat Ennerstëtzung vun DP a Gréng – mat der luewenswäerter Ausnahm vum Vera Spautz – décidéiert ginn, 3 weider Indextranchen opzeschuppen …

[A wéi geet et weider?]

A lo soll sech bei de Wahlen entscheede, wéi et weider geet.

D’Haltung vun de Patronen, der UEL, ass kloer: si wëllen de ganzen Index ofschafen.

D’CSV verlaangt e gedeckelte Index, dat heescht, d’Ausbezuele soll op maximal 2,5x  de Mindestloun beschränkt ginn. Sou soll, soen si, d’Lounschéier méi kleng, den Ënnerscheed vun den niddregen zu deene décke Paien ofgebaut ginn, ouni datt déi niddreg Akommesse dobäi Schued hätten. Héiert sech gutt un, waërt awer net sou sinn, well gekierzt ginn direkt mol déi mëttel an héich Akommessen – woubäi déi héich Akommesse dat da schonn op allerhand Aart a Weisen kompenséiert wäerte kréien; si wäerte wierklech kee Schued ze spire kréien, hiert Akommes geet mat oder ouni Index souwisou ëmmer méi an d’Luucht. Sou génge mol direkt déi mëttel Akommesse duerch d‘Deckelung vum Index gekierzt. Well doduerch awer den Duerchsnëttsloun ofhëlt, wäert d’Upassung vum Mindestloun un déi allgemeng Lounentwéckleung méi niddreg ausfalen, an den Ajustement vun den Rentner a Pensionären och méi niddreg sinn. De gedéckelten Index ass also net nëmmen en éischte Schratt a Richtung Ofschafe  vum Index, mee hätt direkt och schonn negativ Auswierkungen op déi niddreg Akommessen, inklusiv op de Mindestloun! Wann een d’Lounschéier wëll reduzéieren, da wär eng méi korrekt Besteierung vun de ganz héigen Akommessen eng vill besser Léisung.

Indexaktioun_1DP seet – an déi Gréng stëmmen do zou – de Wuerekuerf, mat deem d’Präisentwécklung gemoss gëtt, misst geännert ginn, vrun allem Alkohol, Tubak a Petrolsprodukter missten raus … Och dat kënne mir net zouloossen, net well mir mengen de Konsum vun Alkohol, Tubak a Petrolsprodukter misst weidergoen, mee well de Wuerekuerf déi reell Liewensgewunnechten an Deierecht moosse muss. Sou wéi d’Manipulatioun vum Thermometer d’Féiwer net erofsetzt, sou setzt och d’Manipulatioun vum Wuerekuerf  d’Preisdeirecht net erof. Dofir mussen aaner Moossnahme geholl ginn –  esou wéi  Präiskontroll, Verzicht op Tariferhéigunge bei Staat a Gemengen, beispillsweis beim öffentlechen Transport, bei der Kannerbetreiung, …

D’LSAP, déi di ganz Indexmanipulatioun vun deenen leschte 9 Joer matgemaach huet, seet lo, si wär erëm fir dee ganzen an automateschen Index. Dofir géng si stoen – ausser … sou laang wéi d’Kris undauert, kéint een d’Modulatioun vun deene leschte Jore weiderféieren. Kolleginnen a Kollegen vun der LSAP: d’Kris dauert un, där Tatsach kënnt och dir iech net verschléissen! Also, sidd dir och bereet – am Géigesaz zu deem wat dir verspriecht – d’Indexmanipulatioun weiderzeféieren. Norrmal, datt d’Leit deene  meeschte Politiker näischt méi gleewe wëllen – net jidderee liest dat klengt Gedrécktent, an do steet bei iech drann: den Index gëtt net rëm voll a ganz hirgestallt soulaang wéi d’Kris undauert; den Index gëtt weider manipuléiert, obschonns grad während der Kris d’Leit déi schaffe ginn oder eng Rent hunn drop ugewise sinn!

D’DP vesicht ganz schlau ze sinn a seet, maximal eng Indextranche oder ganz Ofschafen, wann d’Patronat eppes géint de Jugendchômage mécht. Grad sou wéi wann d’Patronat nach méi Cadeauë wéi bis lo misst kréien, fir eppes géint de Chômage ze man! Dat ass eng bëlleg Rechtfertigung vun der DP fir d’Ofschafe vum automatischen Index!

A schonns seet d’CSV, si géif d’Idii vum gedeckelten Index, dee lo net maachbar wär, op spéider verleeën, a wär lo och fir maximal eng Indextranche d’Joer! An déi Gréng soen – grad wéi d’LSAP – während der Kris kéint een domat d’accord sinn … Sou datt se sech all eens sinn: CSV, DP, LSAP a leider och déi Gréng: den Index soll – op jidfer Fall sou laang d’Kris undauert – weider manipuléiert ginn! D’Gewerkschaften an d’Leit déi schaffe ginn, déi di automatisch Indexupassung brauche fir de Kafkraaftverloscht ze kompenséieren, kréien vun de grousse Parteien eng riicht an d’Gladder …! An dat nennt sech Neiufank?!

Iwwregens: An europäische Pakten an Ofkommëssen, wéi EuropPlus, ass festgehal, datt de lëtzbuerger Indexmechanismus ofgeschaf soll ginn. An dozou huet d’Regierung hiren Accord ginn! Fir e wierklechen Neiufank missten also och  Oplagen aus Europa wéi dës a Fro gestallt ginn.

Dofir, et gëtt héich Zäit fir eng aner Politik, fir de ganzen a vollen Index, ouni Bedingung, ouni Opschupp, ouni Manipulatioun.

Dofir sti mir!

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Finanzen und Steuern, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.