Fakten zu Sozialpolitik a Kompetivitéit

Fir jidderengem et z’erlaben, d’Fakten nozeliesen, déi ech e Sonndeg, den 29. September 2013 beim Ronndëschgespréich iwwert Sozialpolitik und Kompetivitéit genannt hunn, wëll ech déi hei offen a schrëftlech duerleeën (d’Ronndëschgespréich gouf e Freideg, den 27. September nomëttes opgeholl). Et sinn dat 12 kloer Fakten aus 5 Beräicher (*):

Fakten zum geschafene Räichtum an der Verdeelung dovun zu Lëtzebuerg

Behaaptung: “De geschafene Räichtum kënnt net méi bei de Leit un.”

Fakt 1: Zu Lëtzebuerg gëtt an enger Stonn Aarbecht méi Räichtum geschaf, wéi soss irgendwou op der Welt. Dat heescht d’Produktivitéit vun enger Stonn Aarbecht ass zu Lëtzeberg déi héchste weltwäit; si ass souguer ëm 47% méi héich wéi an den USA!

Fakt 2: De Problem ass deen, datt vum geschafene Räichtum zu Lëtzebuerg 54% an d’Gewënner, an just 46% an d’Léin fléissen. An der EU fléissen duerchschnëttlech 40% an d’Gewënner an ëmmerhin 60% an d’Léin. Op déi Aart a Weis ginn de Leit déi zu Lëtzebuerg fir Loun a Gehalt schaffe, bei enger “Mehrwerttschöfung” vun ëmmerhinn 44,5 Mia d’Joer, all Joer méi wéi 6 Mia verluer! Dobei kënnt: Vun de Gewënner ginn zu Lëtzebuerg just 40% an d’Realwirtschaft reinvestéiert. An onse Nopeschlänner sinn dat ëmmerhinn 60-70%.

Fazit: Sou ginn der Realwirtschaft an de Salarieeën all Joer riseg Zommen verluer. E klengen Deel dovun géng déck duer goen fir d’Sozialversécherung an d’Renten dauerhaft ofgzesécheren, ouni datt d’Leit dofir méi laang misste schaffe goen oder manner Rent daërfte kréichen.

Fakten zu der “Kompetivitéit” zu Lëtzebuerg

Behaaptung: ”Eigentlech besteet kee Problem mat der Kompetivitéit zut Lëtzebuerg.”

Fakt 3: Vun 100 € geschafenem Mehrwert muss e Patron zu Lëtzebuerg 21 € fir Steieren a Sozialbeiträg ofginn. An der EU sinn dat am Duerschnëtt 42 vun 100 €; an Däitschland 48 €, an der Belsch 57 € an a Frankräich 65 €. [PWC, “Paying Taxes”, 2011]

Fakten zu den öffentlechen Ausgaben a Sozialtransferten

Behaaptung: “D’öffentlech Ausgabe sinn net ze héich.”

Fakt 4: D’öffentlech Ausgaben sinn zu Lëtzebuerg vergläichsweis relativ niddreg, an zwar 42% vum BIP; an der EU sinn et der am Duerschnëtt dergéint 49,5%.

Fakt 5: 47% vun den Staatsausgaben sinn Sozialtransferten. Duerch déi Sozialtransferten gëtt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg vun 43% op 13 % rofgesat, dat heescht ëm 50% reduzéiert.

Fakten zu den öffentlech Finanzen

Bahaaptung: “Zu Lëtzebuerg gëtt et grouss Problemer mat der Steiergrechtigkeet.”

Fakt 6: Et gëtt ee grousst Ongläichgewicht tëscht de Steieren, déi d’Stéit bezuelen an deene vun de Betriber: zwein Drëttel gi vun de Stéit bezuelt, een Drëttel vun de Betriber – woubäi 80% vun Betriber, och wa sie Gewënner maachen, iwwerhaapt keng Steieren bezuelen.

Fakt 7: En zweet Ongläichgewicht besteet doran, datt een op 100 € Loun duebel souvill Steiere bezuele muss wéi op 100 € Kapitalakommes..

Fakt 8: Och den Undeel vun indirekte Steieren – eng ganz ongerecht Steier – gëtt ëmmer méi héich; 2013 waren 43% indirekt Steieren.

Fakt 9: Duerch Steierhannerzéiung ginn dem Staat all Joer 500 Mio Steire verluer (cf. Rapport Krecké).

Fakten zur Indexmanipulatioun

Behaaptung: “D’Indexmanuipulatioun léisst just déi fir d’Kris bezuelen, déi se net verschold hunn.”

Fakt 10: Duerch d’Indexmanipulatioune vun de läschte Joeren ass all Mënsch zu Lëtzebuerg ee (1) ganze Mount gratis schaffe gaang. Wien z.Bsp 2.000 € Pai oder Rent huet, krut duerch dës Indexmanipulatiounen 2.000 € ewechgeholl, stéckweis mat 50 € pro Mount, während insgesamt 38 Méint! [Aus eegener Berechnung, op Basis vun den Donneeën vun der CSL]

Fakt 11: Doduerch goufen 1,5 Mia un Kafkraaft verluer; dovunner kruten d’Patronën 1,2 Mia geschenkt.

Fakt 12: Den definitiven Ausfall vun enger Indextranche, sou wéi d’DP dat fuerdert, bréngt all Joer en zousätzleche Kafkraaftverloscht vun 531 Mio (an dovunner kréien d’Betriber weider 437 Mio geschenkt).

Justin TURPEL,
Vertrieder vun déi Lénk op der Table-Ronde

(*) All Donneeën sinn aus Ënnerlagen vun der CSL, Chambre des Salariés Luxembourg, www.csl.lu; auuser wou aanescht vermierkt.

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Finanzen und Steuern, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.