Ried zum Koalitiounsprogramm

Här President, Dir Dammen an Hären,
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

An der Regierungserklärung vu gëschter huet de Premierminister gesot, datt bei de Walen vum 20. Oktober “d’Wieler déi eng Parteie gestäerkt, an déi aneerer geschwächt huet”.  Vun de Parteien, déi hei vertruede sinn, goufen der genee 2 gestäerkt: déi Lénk op der lénker, an d‘DP op der rietser Säit vum politesche Spektrum. D’Piraten koumen och op bal 3%, kruten awer kee Sëtz. All déi aner hu verluer: d’CSV huet 4,4 % verluer, an ass net méi an der Regierung, d’ LSAP, déi grad wéi d’CSV 3% am Zentrum an am Süden verléiert, ass geschwächt an d’Koalitiounsverhandlunge gaang, grad wéi déi Gréng, déi insgesamt 1,5%, am Zentrum bal 3% verluer hunn. Den ADR koum mat engem Minus vun 1,6% mat engem bloen An dervun.

D’Aufgab vun déi Lénk an hieren zwéin Deputéierten ass et déi Leit ze vertrieden, déi net Schold sinn un der Kris, an awer ëmmer rëm dofir berappe mussen. A mir wäerten weisen, datt et wuel eng Alternativ gët zu enger Politik, déi di Räich ëmmer méi räich, an déi aner ëmmer méi arem, an d’sozial Ongläichheeten ëmmer méi grouss mecht.

Ech komme vum Duerf, dem selwechte wéi den Dr. Michel Welter, dee sech vrun 100 Joer an dëser „gesetzgeberescher Versammlung“ als éischten Deputéierten fir mënschewierdeg Aarbechts-, Wunn- a Liewensbedingungen agesat huet. Haut gëtt sou een Asaz rëm ëmmer méi aktuell. Sou waren beispillswies a Spunien d’lescht Joer 6 Mio Leit ouni Aarbecht, 1,4 Mio Leit konnten hiere Stroum net méi bezuele an soutzen ouni Heizung do, 400.000 Leit sinn aus hiren Wunnungen ausgewisse ginn, well si se net méi bezuele konnten.An déi Situatioun begéine mir an ëmmer méi Länner matzen an Europa. An Lëtzebuerg ass och an där Hinsicht keng Insel …

An elo awer zum Koalitiounsprogramm:

Positiv am Koalitiounsaccord ass d‘Ambitioun de Stëllstand ze behiewen, den Opbroch an verschiddene Beräicher: „d’Fënsteren opmaachen“, wéi si et genannt hunn. Positiv sinn sécherlech eng Rei gesellschaftlech Reformen, déi scho laang iwwerfällef waren a vun der CSV blockéiert goufen. Mee fir vill Leit wäert duerch dës oppen Fënstere ee ganz kale Wand era blosen, well d‘Ausriichtung vum Koalitiounsprogramm – an doriwwer sinn sech mëttlerweil all Kommentatoren eens – kloer an däitlech vun den Interessen vun der Wirtschaft an dem Finanzsekteur dominéiert gëtt. D’CSV seet selwer, 80% vum Koalitiounsprogramm wier d’Fortféierung vun hierer Politik – an ech mengen d’CSV ass mat deem Prozentsaz nach ganz bescheiden …! An dee neie Finanzminister sträicht d’Kontinuitéit mat der Politik vun sengen Virgänger ervir.

De Lobbyismus vu verschiddene Wirtschaftskreeser huet sech demno bezuelt gemaach, an d’Lëtzebuerger Wort huet Recht wann et schreiwt (LW 4.12.2013): “Die einflussreiche Investmentfondsvereinigung kann also aufatmen und sich für eine gelungene Lobbyarbeit im Vorfeld der Regierungsbildung beglückwünschen.” Deen alen an neie Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet ëmmer gefuerdert datt ee fir allemol kloer stelle misst, wat priméiert: d’Wirtschaft oder Sozialpolitik an d’Ëmwelt. Abee: d’Predominanz vun der Wirtschaft iwwert déi aner Politiken huet sech duerchgesat!

Awer d‘Ambitioun sozial Ongläichheeten ze behiewen, gët et net; d’Vergréisserung vun de sozialen Ongläichheeten gëtt weiderhinn a Kaf geholl!

Niewt der Predominanz vu Wirtschafts- a Finanzinteressen, dréit  de Koalitiounsaccord de Stempel vu villen, ganz villen  Ukënnegungen, vill, ganz vill Etuden, Analysen, Iwwerleeungen déi a ville Beräicher gemaach solle ginn. Sou eng Ukënngeungspolitik kenne mir aus der Stad, wou – ausser Ukënnegung – oft näischt méi nokomm ass … Ee Beispill: am Dezember 2011 krute mir an der Stad vum Buergermeeschter versprach, d’Verkéiersimpaktstudie vum Ban de Gasperich zougestallt ze kréien; dat Versprieche – obschons mir puermol nogefrot hunn – gouf bis haut net agehal a mir hunn déi Etude bis haut nach ëmmer net kritt! An der doten Ukënnigungen gëtt et eng hellewull am Koalitiounsprogramm …

Fir gewuer ze ginn wat hannert all deenen Ukënnegunge an schéinen Absichten stecht, froe mir – an enger Motioun – datt an all Kommissioun iwwert dat jeeweilegt Gebitt, d‘Intentiounen vun der Regierung an déi méiglech Echeancen, geschwat gëtt.

Ech wëll drunn erënneren, dat mir Transparenz ugekënnegt kruten, och an de Koalitiounsverhandlungen. Gëscht huet d’Regierung d’Berichter an d’Dokumenter vun de Verhandlungen op hieren Site veröffentlecht, an et war net méiglech déi bis haut ze liesen. Fir wat sinn déi net direkt, mam Koalitiounsaccord, verëffentlecht ginn? A fir wat wollt d’Regierung de Koalitiounsaccord réischt gëscht veröffentlechen, wat et onméiglech gmaach hätt sech seriö damat auserneen ze setzen?! An zur Transparenz gehéiert awer och d’Offeleeë vun der Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppen, déi sech mat deenen eenzelnen Kapitelen vum Koalitiounsaccord ofginn hunn, fir datt jideree gesi kann, wéi eng Lobbyen do akativ waren.

Här President,
Dir Dammen an Hären,

De Premier Xavier Bëttel sot: „mir kënnen nëmmen dat verdeelen, wat mer hunn“; „et duerf ee net iwwert senge Moyenen liewen“. De Spëtzekandidat un der LSAP, Etienne Schneider, gouf net mit z’erklären datt „mir Wuesstem brauchen fir Aarbechtsplazen a Sozialpolitik ze garantéieren“. Dat kléngt wuel gutt, mee sou fonktionnéiert et net, an zwar aus aenger ganzer Rei Grënn, vun deenen ech der dräi kuurz duerleeë wëll:

Den éischte Grond: Wuestum schaaft net automatesch Wuelstand fir jiddereen. Och de Bundeskanzler Helmut Schmit huet 1974 behaapt: “D’Gewënner vun haut, sinn d’Investitioune vu muer, an d’Aarbechtplazen vun iwwermuer” – mee a Wierklechkeet ass déi Rechnung net obgaang, well d’Gewënner net investéiert ginn sinn, a wann, da just fir ze rationaliéiseren an Aarbechtplazen ofzebauen. Trotz ëmmer méi grousse Gewënner an deene leschten 30-40 Joer huet de Chômage ëmmer méi zougeholl! Den Wirtschaftswëssenschaftler John M. Keynes war schon 1930 der Meenung, datt duerch Wuestum an Verbesserung vun der Produktivitéit 100 Joer méi spéit jidderen nach héchstens 15-Stonnne d’Woch schaffe misst. Och hien huet sech geiert, well de geschafene Räichtum sech net automatesch verdeelt;  „dNaturgesetzer vum Kapital“, wéi de Karl Marx se genannt huet, funktionnéiert eben anescht wéi sech dat gewënscht gouf!

Zweete Grond: Ëmmer nëmme Wirtschaftswuestum – an den An vun der Regierung d’Mamm vun alle Politiken – ass och destruktiv fir Mensch an Emwelt, oder, wéi e Mouvement écologique et ausdréckt: “Kontinuierliches Wachstum auf einem begrenzten Planeten ist schlichtweg nicht machbar, aus Sicht der weltweiten Gerechtigkeit nicht mehr zulässig, führt a priori nicht zur Lösung des Arbeitslosigkeitsproblems, nicht zu einer Verkleinerung der Schere zwischen Arm und Reich und auch nicht zu mehr Wohlstand. Nicht zuletzt: es ist kaum vereinbar mit dem Ziel des Erhalts von Lebensqualität, Natur und Landschaft u.a.m.”. An och den widerhuelten Zousaz „no nohaltige Kriteren“ ännert näischt drunn, datt de Koalitiounsprogramm den Test vum Mouvement écologique grad an der Hinsicht net bestan huet.

An deen drëtte Grond: D’Konzentratioun vum Räichtum uewen ass eng wesentlech Ursaach vun der Spekulatiounskrise. Mat dëser Politik steiere mir schnurstracks an d’Mauer von der nächster Kris, déi vill Arbechtplaze kaschten waërt an rëm vun deene bezuelt soll ginn, déi se net verschold hunn …

De Problem ass, och zu Lëtzebuerg, éischter deen, datt deen enorme Räichtum, de geschafe gëtt, nët bei de Leit ukënnt. Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, wou d’Betriber déi héchste Gewënner maachen kënnen, wou d’Lounkäschten am niddrigsten sinn an trotz ëmmer méi Räichtum d‘sozial Ongläichheeten konstant zouhuelen a vill Leit an Aaarmut oder un der Aarmutsgrenz liewen. Ech spueren iech déi détailléiert Chifferen, mee si sinn kloer!

A wann d’Regierung lo all Joer 1,5 Mia aspueren wëll, souwuel beim Fonctionnement vum Staat – wou trotzdem eng Rei Déngschtleeschtungen verbessert solle ginn, wéi zum Beispill   an der Kannerbetreiung an duerch méi Mëttele fir d’Schoul – wei vrun allem och bei der Sozialpolitik, déi méi “selektiv” soll ginn, da waërt dat direkt Auswirkungen op d’sozial Situation vun ville Leit hunn. Souguer den RMG soll op de Leescht geholl, a ënnert der Sichtweis  vun Hartz 4 ënnersicht ginn.

Obschonn zu Lëtzebuerg 2/3 vun de direkte Steieren vun de Stéit an nëmmen 1/3 vun de Betriber bezuelt ginn, gëtt d’Kapitalsteier net erhéicht; am Géigendeel: et gëtt puer mol betount dat déi lächerlech niddreg Taxe d’abonnement sou bleift! Et gëtt ëmmer rëm betount fir wat alles drugesat gëtt, fir duerch d’Steierpolitik nach méi Räicher op Lëtzebuerg unzezéien! Eng sozial gerecht Steierreform ass net geplangt, net nëmmen keng Räichesteier, och keng Verméigensteier, keng Erhéigung vun der Ierfschaftsteier – alles Saachen déi d’LSAP awer an de Walen gefuerdert heut, och keen Matmaachen bei der internationaler Finanztransaktiounssteier, wéi déi Gréng et gefuerdert hunn, mol keng Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun oder Ofschaafung vun den Ongerechtigkeeten vis-à-vis vun de Witfraen a -männer oder Leit déi gescheet si ginn! De Wirtschaftsminister haat wärend dem Wahlkampf op enger Patronatsversammlung sengen Nolauschterer verséchert, all déi Steiermossnamen déi seng Partei virgesi géif, géife just dozou déngen en Deel vu senger eegener Basis ze berouegen. Elo wësse mer datt dat net ironesch gemengt war!

Dem géinteniwwer soll awer d’TVA ropgesat ginn, wahrscheinlech ëm 2%. Dat ass eng vun deene ongerechtesten Steiermossnahmen déi een iwwerhappt huele kann, well do d’Konsumenten an vrun allem déijéieg gestrooft ginn, déi hiert Akommen fir hieren Liewensënnerhalt brauchen. Hiert Liewen gëtt méi deier, an hiert Akommes waërt ëmmer manner duer goen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

An dann sollen d’Indexmanipulatiounen vun deene leschte Joeren weidergefouert ginn. Sou krut d’Patronat vun 2006-2013 ëmmerhin 1,5 Mia op Käschte vun de Leit hire Léin a Pensiounen geschenkt! An dat soll lo sou weidergoen – an souguer- mam definitive Verloscht vun puer Tranchen –  definitif an d’Gesetz ageschriwwe ginn …!? Dobäi ass d’Verréckelen an d’Aussetzen vun ganzen Indextranchen total ongerecht, well se jidderee bestrooft, egal wéi niddereg säin Akommes ass!

A sécherlech stinn nach am Kader vun der besoter” méi selektiver” Sozialpolitik, eng Rei aner Moossnamen un, déi maachen, datt déi Leit, déi d’Kris net verschold hunn derfir bleche mussen, an datt déi, déi wierklech vill hunn, ëmmer méi kréien. Mir wëssen net wat sech hannert der geplangter Reform vun der Pflegeveréscherung verstopt a maachen ons Suergen ëm de Solidaritéitsprinzip vun der Sozialversécherung an dem Pensiounssystem.

Grad am Beräich vum Chômage muss vill geschéien, mee et ass ze faërten, datt de Chômage weider genotzt gëtt fir nach méi bëlleg Aarbechtskräften zer kréien.

Et ginn Alternativen fir eng aner Sozial- an Wirtschaftspolitik. Vrun allem duerch eng aner Steierpolitik a Steiergrechtegkeet, sou wéi mir an d’LSAP se an onse Wahlprogrammer duergeluecht hunn. Mir bräichten och eng Wirtschaftspolitik, déi d’Ofhängegkeet vun der alléngeger Finzanzwirtschaft konsequent a Froo stellt. Eng systematesch an konsequent wirtschaftlech Diversifikatioun, grad sou wéi eng aktiv Wirtschaftspolitik vum Staat ass – trotz verschiddenen Neiorientéierung – och net geplangt.

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Eng Rei Moossnahmen, déi an de Beräich „Demokratie stäerken“ falen, sinn ze begréissen.

Sou wéi mir dat gefuerdert hunn, ass virgesinn eng breet ëffentlech Debatt mat verschiddenen Referenden iwwert d’Verfassungsreform z’organiséieren. Mir hoffen dat eng wierklech demokratesch Debatt, wou jiddereen déiselwecht Mëttel zur Verfügung gestallt kritt fir seng Meenung virzedroen, zustan kënnt. Mir verlaangen datt dobäi och aner Froen, wéi déi véier déi de Koalitiounsprogramm oplëscht, diskutéiert kënne ginn, wéi z. Bsp. D’Stäerkung vun de Grondrechter, vrun allem soziale Rechter – d’Recht op Waasser, Recht op Aarbecht, Recht op Wunnen, solidaresch a kollektiv Sozialversécherung – awer och d’Recht op informationnell Selbstbestëmmung, d’Roll vun der Monarchie am Parlamentarismus; Trennung vu Kierch a Stad oder besser d’Aschreiwen vun engem laizistesche Stad an d’Verfaassung.

Dann geet ët och drëms d’Bierger besser un den Entscheedungsprozesser deelhuelen ze loossen. Den Zougang vun alle Bierger zu den Dokumenter an Informatiounen vum Stad (och der Chamber) a Gemengen soll an an engem neie Gesetz (Säit 7) oder iwwert Amendementer vum Gesetz vun der virrechter Regierung (Säit 64)  – dat as nët kloer – gereegelt ginn. Mir brauchen méi Initiativrechter fir d’Bierger zu Referenden, d’Recht op Ufroen un d’Chamber a Regierung, ee Recht vun de Bierger och op parlamentaresch Initiativen – eppes wat e.a. iwwert d’Petitiounskommissioun méiglech gemaach misst ginn – Dofir si mir och prett d’Presidentschaft vun der Kommissioun – wann d’Kommissioun domatt d’accord ass – z’iwwerhuelen an aktiv zu enger Staërkung vun den Initiativrechter vun de Bierger bei ze droen!

Iwwrigens soll och all Deputéierten, egal vun wéi enger Partei, gläich Rechter hunn. Dat war bis lo net de Fall a soll – och dat ass positiv- elo gréisstendeels – och ouni “Trapebesetzung” – realiséiert ginn.

Ganz kloer misst och d’Bespëtzelung vun de Bierger opgeschafft ginn – souwuel déi duerch de SREL, déi “historesch” an déi aktuell, wéi och duerch aner Instanzen – an déi noutwendeg Konsequenzen doraus gezu ginn. Doriwwer bräichte mir weider Opaarbechtung duerch eng Enquêtekommissioun! Mir hunn an dem Sënn eng Resolutioun um Chambersbüro hannerluecht. Déi nei Definitioun vun de Missiounen vum Spëtzeldéngscht, sou wéi se nach vun der leschter Regierung geplangt an zu Pabeier bruecht si ginn, sinn fir ons inakzeptabel; dorann kritt de Spëtzeldéngscht weit gefächert Méiglechkeeten, bis hinn zum “grossen Lausch- und Spähangriff”, souwuel am ëffentleche Raum wéi an private Wunnengen! Mir hoffen, datt demnächst och d’Recht op informell Selbstbestëmmung , dat et an anere Länner, z. Bsp. an Däitschland gëtt, och zu Lëtzebuerg endlech rechtlech verankert gëtt, an datt soulaang wéi dat net geschitt ass, ee Moratoire iwwert dat alt Gesetz, wat d’Schreddere vun Dossieren erlaabt, verhaang gëtt. An dem Sënn hu mir eng Motioun verfaasst, déi hei opläit an déi nach vun weideren Deputéierten ënnerschriww kann ginn. Net zulescht wier et wichteg, fir Wistleblower wéi Edward Snowden an Bradley Mannig ze schützen; Lëtzebuerg soll eng Initiativ huelen, fir dem Snowden an Europa Asylrecht a Schutz ze garantéieren.

Losst mech et kloer an däitlech soen:  Mir mengen datt et gutt ass, datt d’CSV net méi an der Regierung ass, an den CSV-Staat ausgebremst gëtt. Mee, vergiesse mer net, datt mat der Politik déi déi nei Regierung mecht, d’CSV awer nach ëmmer mat derbäi ass – sou wéi wann se mat op der Regierungsbänk setze géif wieren. Wann déi nei Koalitioun wollt beweisen, datt een der CSV hier Finanz-, Wirtschafts- a Sozialpolitik och ouni d’CSV ka maachen, dann ass dat hier lo scho gelong!

Dat stëmmt och fir d’Europapolitik vun der neier Koalitioun, deer hier Oplagen an Austeritéitsvirschrëften dës Regierung unerkënnt an, grad wéi déi Regierung virdrunn, nach ënnerbitt! An dat, obschons sou eminent Perséinlechkeeten wéi den Wirtschaftsnobelpreisdréier Joseph E. Stiglitz – grad nach vrun puer Wochen op enger Konferenz um Kierchbierg – vru genee sou enger Politik warnen, well se d’sozial Ongläichheete an d’Viraussetzunge fir an d’Mauer vun der nächster Kris ze rennen, just nach verstärkt.

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

An enger ganzer Rei Beräicher well dës Regierung do weider fueren, wou vrun 5 oder méi Joer obgehal ginn ass. Dat stëmmt fir Transportpolitik (MODU – wou zousätzlech iwwert eng Eisebunnslinn op Saarbrécken geschwat an d’Ausdehunng vum Tram op de Findel, Cloche d’or an Zéisseng beschleunigt soll ginn). Dat stëmmt och fir Landesplanung (IVL), inklusiv plans sectoriels (Wunnen, Landschaften, Transport, Aktivitéitszonen) – déi lo – wéi gefuerdert – (endlech) verëffentlecht an och ëffentlech diskutéiert solle ginn. Et ass just ze hoffen datt och do d’Mëttelen an d’Zäit do sinn, fir déi Diskussioun breet an demokratesch ze féieren.

An aanere Beräicher, wéi Ëmwelt/Energie/Klimaschutz, bleift de Koalitiounsaccord weit hannert den Erwaardungen zréck. 11% erneierbar Energien am Joer 2020 ass alles anescht wéi ambitiéis. Dat selwecht stëmmt am Beräich vum Klimaschutz, den och aus Siicht vum Mouvement écologique “onbefriddigend” ass, well “konkret Zieler bei der Reduktioun vun den CO2-Emissiounen feelen”. An ähnlech Bemierkungen kann een iwwert de Manktum u Courage fir den Import vun Atomenergie ze verbidden an d’Stoelslinn net ze bauen, duerleeën.

Och am Beräich Wunnen ass – iwwert de Fait, dat Bauterrainen vrun allem am Perimeter fräigesat solle ginn – villes onkloer. Dorops wäerte mir am Detail zréckkommen, grad sou wéi op d’Beräicher Schoul a Kultur.

Ofschléissend well ech matdeelen, datt de Serge Urbany an ech als eng vun onsen éischten Handlungen als nei vereedegt Deputéiert, zesumme mat Deputéierten aus aaneren Länner een europäischt Manifest vun Parlementarier géint Faschismus ënnerschriwwe hunn: a ville Länner kommen déi brong a nationalistesch Idiien rëm héich an an Ungarn an Griechenland gëtt rëm an Uniformen am Gleichschritt duerch d’Strooose marschéiert an Minoritéieten stigmatiséiert. Wann d’Leit vun der Politik – an dozou gehéieren och dës Regierung an dës Chamber – keng Äntwert op hier berechetegt Suerge, Ängschten an Erwaardungen kréien, da waërten a ganz Europa, och zu Lëtzebuerg, Rietsdemagogen an Nationalisten ëmer méi Uklang fannen. Sou eng Léisung wëlle mir net an dat musse mir verhënneren!

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären,

Zum Schluss wëll ech betounen, datt villes an onser Gesellschaft gezeechend ass, net nëmmen vun ëmmer méi grouss sozial Ongläichheeten, mee och  vun engem absolute Mangel u Respekt vrum Mënsch. Ouni dee Mangel u Respekt vrum Mësch wier et net méiglech datt all 6 Sekonnen op eiser globaler Welt ee Kand un Honger oder enger Krankheet stierft, wou d‘Mëttelen do sinn (an och hei bei eis zu Lëtzebuerg  gebunktert ginn), d’Mëttelen fir dat ze verhënneren, ons Gesellschaft et awer net fäerdeg bréngt deenen se zoukommen ze loossen, déi se brauchen. Ouni dee Mangel u Respekt vrum Mënsch géife Leit, déi fort laafen vru Krich an Honger, net kriminaliséiert, ofgewis an erdrénke gelooss (jo si, d’Affer, gi kriminaliséiert, an net d’Krichsdreiwer an déi déi vum Krich an Ausbeutung profitéieren). Leider ass dee Mangel u Respekt vrum Mënsch (an der Natur) net einfach duerch warem Appeller, wéi se ëmmer rëm gär gemaach ginn, ze behiewen, well e méi déif Ursaachen huet: an zwar ee Gesellschaftssystem vu Striewe no Profit,wou „d’Naturgesetzer vum Kapital“ (Karl Marx) méi wichteg sinn wéi d’Liewen vun de Mënschen a vun der Natur. Un dësen Ëmstänn wäert des Chamber näischt grondsätzleches änneren; dofir brauch et ausserparlementaresch Mobiliséierungen an Strukturreformen, déi dee Gesellschaftssystem a Fro stellen … Mee déi kommen réischt dann, wann “déi Uewen net méi kënnen”, an “déi Ënnen net méi wëllen”! Mee mir waarden net bis déi Zäit do ass. Och elo, am Hei an Lo, gëllt et all Mëttelen ze notzen fir Diskriminéierungen an Ongerechtegkeeten ze bekämpfen!

Ech soen Iech Merci fir äer Opmierksamkeet.

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.