Meng Carte Blanche op RTL: „Wat ginn ons d’Sioux aus dem Dakota un?“

D’Carte Blanche op RTL.lu lauschteren …

Knapp véier Deeg no senger Vereedegung, huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, fir de Bau vun der Dakota Access Pipeline, dee vum Barack Obama gestoppt gi war, weiderzeféieren. Mat där Pipeline sollen all Dag 470.000 Faass réie Pëtrol aus dausenden Fracking-Buerungen am Norde vun Amerika, iwwert 1.900 km duerch véier US-Staaten, fir de Verkaf um Weltmaart op Illinois transportéiert ginn.

Weltwäit Protester haten zum Baustopp vun där Pipeline gefouert. Deen ëmweltschiedlechen Fracking, deen all Klimaziler, wéi se d’lescht Joer zu Paräis festgehale goufen, onméiglech mécht, hat zu dëser Mobiliséierung bäigedroen. De Widderstand war vun de Standing Rock Sioux aus Nord Dakota ausgaang, well d’Pipeline duerch hiert Stammesgebitt féiert an d’Drénkwaasserreserve vu 17 Milliounen Awunner aus där Géigend a Gefor bréngt.

Mee dem Donald Trump ass dat egal: am Interessi vun den amerikaneschen Uelechmultië wëll hien d’Klimaziler vu Paräis kënnegen – d’Rechter vun den Agebuerene Stämm a Mënscherechtsverletzungen interesséieren hien net.

Déi massiv Protester, déi zënter dem Trump sengem Dekret op der ganzer Welt zouhuelen, weisen, datt ëmmer méi Mënschen dat net zouloosse wëllen! Hir Protester riichten sech virun allem och géint déi 38 Banken, déi dës Pipeline finanzéieren. An Däitschland hu bannent puer Deeg 300.000 Leit en Opruff ënnerschriwwen, fir datt d’BayernLB, déi mat 120 Milliounen US-Dollar un der Finanzéierung bedeelegt ass, sech aus deem Projet zréckzéie soll. Déi norwegesch Bank DNB huet dem Drock noginn an dat scho gemaach.

An hei zu Lëtzebuerg? – Vill vun deene Banken, déi d’Dakota Pipeline mat finanzéieren, hunn sech, meescht aus steierleche Grënn, hei am Land niddergelooss. D‘BNP Paribas, un där de Lëtzebuerger Staat bedeelegt ass, ass och mat 120 Milliounen US-Dollar an dësem Projet mat dran!

An den ëffentleche Lëtzebuerger Pensiounsfong huet ville Banken, déi un der Bakken Pipeline, wéi s’och nach genannt gëtt, bedeelegt sinn, massiv Sue ginn. Dat, obwuel méi wéi ee mol gesot gouf, datt déi ëffentlech Pensiounsgelder net méi fir ëmweltschiedlech Projeten, oder där déi Mënscherechter verletzen, zur Verfügung gestallt solle ginn.

Ass dat d’Ursaach, firwat d’Regierung – entgéint alle Versprieche – d’Konventioun iwwer d’Rechter vun Agebuerene Vëlker awer net ratifizéiere wëll? Well mat där Ratifizéierung  weder fir Banke mat Staatsbedeelegung, nach fir den ëffentleche Pensiounsfong, esou Geschäfter net méi  méiglech wieren?!

Et gëtt Zäit, datt och mir zu Lëtzebuerg Drock maachen op déi Banken, déi d‘Dakota Access Pipeline finanzéieren, fir datt si sech doraus zréckzéien.

A ganz héich Zäit gëtt et, datt d’Sue vum Pensiounsfong anescht ugeluecht ginn, zum Beispill an erneierbar Energien, Wunnengsbau, Aarbechtsplazen an der Regioun… Wéini kënnt et dann an der Chamber zu der versprachener Orientéierungsdebatt, zesumme mat den ONGen, déi an deem Beräich aktiv sinn?

A schlussendlech wär et un der Zäit fir, wéi versprach, d’Konventioun iwwert d’Rechter vun Agebuerene Vëlker zu Lëtzebuerg un z’erkennen.

D’Carte Blanche op RTL.lu lauschteren …


Siehe auch:

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Finanzen und Steuern, Klima und Umwelt veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.