Meng Carte Blanche op RTL: „Neen, d’Europäesch Unioun ass weder sozial, nach solidaresch“

Ass jiddereen, deen d’Europäesch Unioun kritiséiert, een „Euroskeptiker“? Duerfe mer iwwert Alternativen zur Europäescher Unioun schwätzen? An ass all Stäerkung vun lokaler, nationaler a regionaler Eegenaart nationalistesch a rassistesch? – Op déi Froen geet de Justin Turpel (*) a senger „Carte Blanche“ vun haut an.

D’Carte Blanche lauschteren an d’Kommentare gesinn op RTL.lu …

Et ass ganz normal, dat d’Bierger sech net mat där Europäescher Unioun identifizéiere kënnen a sech géint sou een Europa wieren.

Jo, mir brauchen een anert Europa, e solidarescht, e soziaalt Europa, dat fir seng Bierger do ass, si sozial ofséchert, sech konsequent fir si, hir Rechter, Gesondheet an Ëmwelt asetzt.

Wat mech dobäi immens stéiert ass, datt jiddereen, deen d’Europäesch Unioun kritiséiert, als ‘Euroskeptiker’ dohigestallt gëtt. Sou wéi wa jiddereen, deen net mat der Politik vun der EU averstan ass, géint Europa wier.

D’Europäesch Unioun, hir Institutiounen a Bürokratie – vu Prodi a Santer bis Barroso a Juncker – vertrëtt haaptsächlech déi wirtschaftlech Interesse vun enger räicher Minoritéit, vu Multien a Konzerner. An dat mécht se op Käschte vun de Mënschen, déi an Europa wunnen, liewen a schaffen. An sou engem Europa kann ee sech net wierklech doheem fillen.

Et gëtt wuel Alternativen zu der EU.

Esou Alternative bidde weder d’USA nach Russland, China an aner Uniounen, wou d’sozial Ongläichheeten, d’Ausgrenzung an d’Onmënschlechkeet grad sou schnell  – wa net nach méi schnell – zouhuelen, wéi bei eis.

D’Zréckzéien op national Grenzen ass och keng Alternativ mat där et de Leit besser kéint goen.

En anert Europa, en Europa fir d’Bierger kann nëmmen entstoen aus der Mobiliséierung an der Bedeelegung vun de Bierger selwer, de Gewerkschaften an den ONGen – eng Mobiliséierung, déi sech och géint d’Politik vun der EU riicht!

A wat mech nach stéiert ass, datt all Effort fir lokal, national a regional Eegenaarten ze verdeedegen an ze stäerken – sief et d’Sprooch oder d’kulturellt Schafen – direkt als nationalistesch bzw rassistesch dohi gestallt gëtt. Déi Eegenaarten, an och déi Leit, déi sech derfir asetzen, gi vill ze vill vu Rassisten, Populisten an rietsextreme Bewegungen fir hir mënschefeindlech Politik genotzt. Mir duerfe op kee Fall zouloossen, datt all déi Leit, déi sech fir sproochlech a kulturell Eegenaarten asetzen, dëse geféierleche Bewegungen an d’Äerm gedriwwe ginn, well grad dat zu der aktueller Stäerkung vu Rietspopulismus an Friemefeindlechkeet an Europa a soss an der Welt bäidréit.

En anert Europa, an deem d’Mënsche solidaresch mateneen ëmginn a mat hire verschiddene Kulturen niefteneen a mateneen liewen, ass glat net am Widdersproch zu lokalen, nationalen a regionalen Eegenaarten – ganz am Géigendeel!

Justin Turpel
(*) Fréiere Gewerkschaftler an Deputéierten vun ‘déi Lénk’, a weiderhin Aktivist fir Mënscherechter a sozial Gerechtegkeet

D’Carte Blanche lauschteren an d’Kommentare gesinn op RTL.lu …

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Europa abgelegt und mit , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.