Meng Carte Blanche op RTL: „D’SES vu Betzder an d’Geschäft mam Drone-Krich“

D’Carte Blanche op RTL.lu lauschtern …

Nee, ech schwätzen haut net iwwert d’franséisch Walen – dat maachen ech an enger Stellungnahm op mengem Blog. Ech wëll dës Carte Blanche notzen, fir op eppes opmierksam ze maachen, wat mech scho laang stéiert, a wou et mech wonnert, datt dat bis elo nach net a Fro gestallt ginn ass – an zwar d’Bedeelegung vun der SES, der Europäescher Satellittegesellschaft vu Betzder, beim Doutmaachen vu Mënschen duerch Dronen.

 Am sou genannten „Kampf géint den Terror“ setzt d’amerikanesch Arméi Dronen an, déi iwwert d’Satellitten vun der SES gesteiert ginn, fir sou Terroristen, déi op der amerikanescher „Kill-list“ stinn, ofzeschéissen. Dat geschitt net nëmmen ouni Geriichtsuerteel, mee dobäi kommen dausenden vun Zivilsten, dorënner ganz vill Kanner, mat ëm d’Liewen. Deen Drone-Krich ass net nëmme kontraproduktiv, mee e verstéisst an allen Hisiichten géint d‘Genfer Konventioun, déi nom 2. Weltkrich gemaach gouf, fir ënner anerem d’zivil Bevëlkerung während Kricher ze beschützen.

Dat mer ons richteg verstinn: et geet mir iwwerhaapt net drëms all Aktivitéiten vun der SES ze verdäiwelen. Villes wat mat Satellitten gemaach gëtt, ass eng gutt Saach, a souguer ganz hëllefräich fir vill Mënschen op der Welt. D’Iwwerdroe vun Telefonsgespréicher an anere Kommunikatiounen, grad sou wéi vum Internet a Fernsehsbiller, bis hin zur Kommunikatioun an Noutstandsgebitter: alles dat sinn Aktivitéiten vun der SES, déi séier nëtzlech sinn.

Mee awer och Dronen, déi Mënschen ëmbréngen, ginn iwwer d’SES-Satelliten gesteiert.

An déi SES gehéiert – zesummen mat der Spuerkeess an der nationaler Investitiounsgesellschaft – dem Lëtzebuerger Staat.

A bis elo huet kee Vertrieder vum Staat am Verwaltungsrot sech dergéint gewiert, datt iwwert SES-Satellitten Dronen gesteiert ginn déi Mënschen ëmbréngen. Schliisslech ass dat ee gutt Geschäft, mat deem vill Suen verdéngt ginn …

Leider ass dat net déi eenzeg Aktivitéit vun ëffentleche Betriber oder Betriber un deenen de Staat bedeelegt ass, mat der géint Mënscherechter oder gülteg international Konventiounen verstouss gëtt: den ëffentlechen Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert nach ëmmer a Firmaen, déi d‘Klimaschutzofkommes vu Paräis net respektéieren; an den Zukunftsfong ënnerstëtzt souguer Betriber, déi hier Geschäfter mat Streebomme maachen!

Dobäi froen ech mech, wéi laang nach gutt bezuelten Fonktionnären als Vertrieder vum Staat an sou Verwaltungsréit sëtzen, ouni datt si drop halen, datt déi Betriber Mënscherechter an international Konventiounen, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwe huet, respektéieren?! Hunn si iwwerhaapt Zäit fir sou een wichtegen d’Job, quasi niewelaanscht, nieft hirer eigentlecher Aarbecht, ze maachen? Oder dinn déi héich Indemnitéiten si vergiessen, datt si do eng Opsiichtspflicht hunn?

Et gëtt Zäit, datt de Staat, d’Chamber grad sou wéi d’Regierung an hier Vertrieder an de Verwaltungsréit, net méi zouloossen, datt ëffentlech Betriber oder Betriber mat staatlecher Bedeelegung géint gültegt Recht, Konventiounen a Mënscherechter verstoussen.

D’Carte Blanche op RTL.lu lauschteren …

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Finanzen und Steuern abgelegt und mit verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.