Tribune libre op RTL an 100,7: „Steiertricken – wou a fir ween?“

Meng „Tribune libre“ op RTL an 100,7 iwwert  #LuxLeaks:

 

 

 Hei den Audio-file fir ze lauschteren …


Lëtzebuerg wëll „keng Steiertricksereien méi zouloossen“, sot den Ausseminister Jean Asselborn d’läscht Woch am däitsche ‚Spiegel‘. Mee wien mecht dann sou Tricksereien, mat deenen ee bal keng, oder guer keng Steiere méi bezuele muss? D’Leit déi schaffe ginn oder eng Rent kréien bestëmmt net! Si kréien hiert Akommes ganz genee, mat Zëns an Zënseszëns, versteiert.

Et handelt sech bei deem, wat vrun enger gudder Woch obgedeckt gouf, ëm 354 grouss Konzerner. Mat Hëllef vu Lëtzebuerg hunn si hier Steieren sou optiméiert, datt sie just nach knapp ee Prozent oder  manner Steieren bezuelen. An dat op riesege Gëwenner. Grouss Multien, wéi Ikea, Amazon, E.on an aanerer, hu vu Lëtzebuerg profitéiert, fir hiere Gewënn vu Milliounen a Milliarden Euro an deenen Länner, wou en erschafft ginn ass, net ze besteieren.

Sou “Steiertricksereien” gëtt et awer net nëmmen hei, och wa Lëtzebuerg et besonnesch bont gedriwwen huet. “Tax-Ruling” gëtt et an 22 europäische Länner! Holland, Irland, Belsch, Frankreich, asw … hunn weider Nischen, vun deenen ausschliesslech Multien a Räicher profitéieren!

Mee, hu mir zu Lëtzebuerg “net all dovu profitéiert”? – Am Ufank schon! Sou huet de Lëtzebuerger Staat vill Suen an seng Kees kritt, déi aanere Länner verluer gang sinn …

An der Tëschzäit gouf dee System awer sou optiméiert, datt fir kee Staat méi eppes rauskënnt. An déi Suen, déi all Staat brauch fir Sozialpolitik, öffentlech Dëngschtleeschtungen an Infrastrukturen, ginn dofir bei de Stéit an deenen gewéinlechen Bierger geholl. Si mussen  ëmmer méi berappen, an den Rim méi enk zéien, während déi breet Schëlleren, déi Räich a Superräich, ëmmer manner baisteieren! An dat och zu Lëtzebuerg, wou de Spuerpak vun der Regierung – dee fënneften zënter 2006 – an déi selwecht Richtung geet …

Sou kann et nët weidergoen! Et muss Schluss sinn mat deene “Steiertrickerseien” vun de Multien an Mächtigen op Käschten vun der Allgemengheet! Et muss opgedeckt ginn, wéi déi Tricke funktionnéieren, wat alles do ofgemaach ginn ass, a wien dovu profitéiert – souwuel zu Lëtzebuerg, wéi an deenen aanere Länner.

An dobai muss och iwwert Alternativen geschwat ginn. Fir eng wierklech Steiergerechtegkeet, wou och déi, déi vill verdéngen an déi rieseg Beneficer maachen, hieren Undeel bezuelen. Dofir setze mir ons ann.

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Finanzen und Steuern abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.