100,7 Riicht Eraus – Eng Stonn Interview mam Mick Entringer …

Eng Stonn Riicht Eraus mam Mick Entringer um Radio 100,7 leschte Samschdeg, den 14. März 2015 iwwert meng Erfahrungen als Deputéierten, mein Liewen als lénken Aktivist a Militant, déi Lénk, d’LSAP an déi Gréng, d’Gewerkschaften d’sozial Bewegungen, d’Regierung, LuxLeaks a villes méi …

Flotten Interview, interessant Aspillungen, Politik, Perséinleches, Gemëschtes – War fir mech eng flott Emissioun.

Merci Mick Entringer a Radio 100,7.

Kann e jidderzäit lauschteren ënnert:

Riicht Eraus: Justin Turpel

„Et gëtt awer en Echange iwwert Luxleaks an der Chamber. D’Conférence des Présidents vun der Chamber huet seng Interpellatioun un d’Regierung iwwert Luxleaks ugeholl, sot eis de Justin Turpel an der Emissioun Riicht Eraus. Am November haten d’Fraktiounscheffen d’Ufro vun déi Lénk fir eng Chamberdebatt refuséiert.

Déi Gréng missten e Choix maachen, op se bannent der ablacklecher Regierung, weiderhin déi neoliberal Politik vun der DP blann suivéiere wëllen. Dat selwecht géif fir d’LSAP gëllen, esou de lénken Deputéierten. Firwat datt d’Sozialisten an déi Gréng der Koalitioun net eng méi lénks Gewiichtung ginn erklärt de Justin Turpel mat der Iwwermuecht vun liberale Kräften an der Regierung. Dernieft huet de Justin Turpel déi Gréng staark kritiséiert, wéinst der, a sengen Aen, katastrofaler Ëmweltpolitik vun der Koalitioun.“

Share Button
Dieser Beitrag wurde unter Persönliches, Soziales abgelegt und mit , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.